Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

MAB Netzwierk erweidert

20 nei Biosphärereservater opgeholl

Den International Coordinating Council vum UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ huet op senger järlecher Versammlung d’Nominatioune fir 20 nei Biosphärreservate gutt geheescht. Ënnert den neie Reservater sinn zwou grenziwwerschreidend Schutzzonen entstanen a fënnef wieder Länner si vun elo un am „Man and the Biosphere“ Programm dobäi.

Véier Demande goufe refuséiert an ee Land huet decidéiert sech aus dem Programm zréckzéien. 727 Biosphärreserven an 131 verschiddene Länner sinn elo vun der UNESCO unerkannt. Hir Surface entsprécht ongeféier 6% vun der Gesamtfläch vun eisem Planéit.

Eng aner Neiheet, op déi ee kann opmierksam maachen, ass dat éischt Biosphärreservat, wat sech iwwer fënnef Länner erstreckt. D ‚“Mura-Drava-Danube Reserve“ op der Donau couvréiert elo Territoire an de Länner Éisträich, Kroatien, Ungarn, Serbien a Slowenien. Mat dëser neier Biosphär ass eng bestoend Reserve, déi an de Länner Kroatien a Slowenien louch, erweidert ginn.

Frankräich huet zwee nei Reservater kritt, dat eent op der Martinique an dat anert net wäit vun eis ewech: Moselle-Sud, an der Regioun Sarrebourg.

3 Länner nei am Programm

Lesotho, Libyen a Saudi Arabien sinn elo och Member am internationale MAB-Netz mat engem éischte Biosphärreservat, wat an de respektive Länner etabléiert ginn ass.

D’Minett UNESCO Biosphär, dat éischt Lëtzebuergesch Biosphärereservat, ass zënter dem 28 Oktober 2020 en Deel vum „Man and the Biosphere“ Netzwierk.

Liest hei de Pressecommuniqué vun der UNESCO