📀 Minettsdapp - Das Lied über unsere Biosphäre 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spielspaß für Jugendliche 🏆 🦇 Entdeckt unser Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Obst aus Minetter Obstgärten 🍐
arrow
quote quote

Fotofalen an der Minett UNESCO Biosphere

Wéi kann ee seelen a wëll Déieren am Beschten observéieren? Andeems een hinnen oplauert a se da schéisst. Keng Angscht! Den Déiere geschitt näischt. Et gi just Fotoe geschoss.




D’Habitat vun der Minett UNESCO Biosphere ass eent, wat och wëllen Déieren, déi hei am Süde vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, just nach rar virkommen en Doheem bitt. Fir sech e geneet Bild iwwert déi Déieren ze maachen, déi an de Bëscher vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee sinn, gräifen d’Fuerscher vum LIST, dem Luxembourg Institute for Science and Technology, op d’Technik vun de Fotofalen zeréck.

Duerch d’Benotze vun enger Fotofal gëtt dat wëllt Déier net a sengem natierleche Liewensraum gestéiert an et kann awer festgestallt wéi eng a wéi vill Déieren an der fräier Natur ënnerwee sinn.

Am Kader vun der „Habitats“-Direktiv observéiert de LIST aktuell dräi verschidden Déierenaarten am Minett. D’Fotofalen an de Bëscher sinn op der Sich no der wëller Kaz, nom Marder an dem Iltis.

Fir dës Déieren an d’Géigend vun de Fotofalen ze lackelen, oder se dozou ze brénge laanscht e Stéck Holz ze schruppen, benotzen d’Fuerscher vum LIST Lockstoffer. Dës Planzendëft, déi staark richen, awer net gëfteg sinn, bréngen d’Déieren dozou sech ze weisen.



Wa beim Passéiere vun engem extra duerfir plazéierte Stéck Holz an engems och Hoer vun der wëller Kaz, dem Marder oder dem Iltis hänke bleiwen, kann mat dësen Hoer déi genetesch Diversitéit vum Bestand vun dëse raren Déieren am Minett ermëttelt ginn.

D’Fotofalen an d’Holzpéil, déi fir de Tracage gebraucht ginn, gi reegelméisseg vun de Wëssenschaftler vum LIST kontrolléiert an op den Deeg vun der Biodiversitéit vum 3. bis de 6. Juni ass de LIST och am Ellergronn op der Plaz. Um Family Day, de Sonndeg, 6. Juni proposéiere si en Atelier, bei deem ee méi iwwert de Prinzip an de Fonctionnement vun de Fotofalen an der Minett UNESCO Biosphere ka gewuer ginn.



D’Ateliere sinn, wéinst den aktuelle Covid-Mesuren, just op Reservatioun an op 10 Persoune pro Atelier begrenzt. Den Atelier vum LIST iwwert d’Fotofale gëtt um 10:00, 11:30, 14:00 a 15:30 proposéiert an dauert eng Stonn.

Hei kënnt dir iech iwwer E-Mail aschreiwen: ellergronn@anf.etat.lu