Vum 22. Mee bis de 6. Juni 2021 organiséiert d’Minett UNESCO Biosphere (MUB) zesumme mam ‘natur musée‘ den éischte BioBlitz am Süde vum Land. Nach ni virdru war et esou einfach selwer zum Entdecker ze ginn an de Wëssenschaftler vum Musée national d’histoire naturelle (MNHN) ze hëllefen eng grouss Bestandsopnam vun der Biodiversitéit am Süde vu Lëtzebuerg ze maachen.
Wat ass e BioBlitz?
D’Konzept vum BioBlitz kënnt aus Nordamerika: Et ass eng Aktivitéit, mat där bannent kuerzer Zäit esou vill ewéi méiglech lieweg Spezies an enger bestëmmter Regioun solle fonnt a bestëmmt ginn an dat net just vu Wëssenschaftler, mä vu jidderengem, dee matmaache wëll.
D’Zil vun engem BioBlitz ass et, e breeden Inventaire vun der lokaler Biodiversitéit z‘erstellen. Et geet awer och drëm, op eng spilleresch a pedagogesch Manéier, e bessert Versteesdemech vun der lokaler Fauna a Flora ze kréien an esou erausfannen, wéi eng Planzen an Déieren an der Géigend vun der Minett UNESCO Biosphere ze fannen, respektiv z‘identifizéiere sinn. Zu der MUB gehéieren déi 11 Pro-Sud Gemengen: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Käerjeng, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem
Wie ka beim BioBlitz alles matmaachen?
Tëscht dem 22. Mee an dem 6. Juni ka jiddereen, deen matmaachen, deen an der Minett UNESCO Biosphere an der Natur ënnerwee ass, un hirer Natur interesséiert ass an deen e Smartphone huet. Et geet duer d’iNaturalist-App (fir iOS oder Android) op sengem Smartphone z’installéieren.
Mat dëser App kann de Visiteur vun der Biosphär seng Observatiounen direkt, oder och méi spéit, op de iNaturalist.lu eroplueden. Déi geolokaliséiert Fotoen, déi esou gemaach ginn, gi gesammelt a wärend esou wéi nom BioBlitz vu Chercheuren a Wëssenschaftler analyséiert an ausgewäert, fir esou eng Kaart vun der biologescher Diversitéit vum Süde vu Lëtzebuerg z’erstellen, déi een och live op iNaturalist.lu ka gesinn.
Wou gëtt een d‘Resultater gewuer?
D’Resultater sinn direkt online ze gesinn am Projet „Minett UNESCO BioBlitz:2021“ op iNaturalist.lu. Se wäerten do och no deenen eenzele Gemengen opgeschlësselt ginn, fir esou e komplett Bild vun der Biodiversitéit an den 11 Südgemengen, déi zu der Minett UNESCO Biosphere gehéieren ze kréien.
Wat erhoffe sech déi Responsabel vun iNaturalist.lu?
Iwwert déi zwou Woche vum BioBlitz eraus soll eng detailléiert Bestandsopnam vun der Biodiversitéit an der Minett UNESCO Biosphere realiséiert ginn an et soll e Reseau vun Naturbeobachter entstoen, deen och iwwert de BioBlitz eraus aktiv Fauna a Flora an der éischter an eenzeger UNESCO Biosphär vu Lëtzebuerg dokumentéiert fir esou (laangfristeg) Verännerungen an der Déieren- a Planzewelt novollzéien a verstoen ze kënnen.