Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Dag an der Natur – Foodtrucks am Ellergronn

Um Dag vun der Natur muss keen hongreg oder duuschtreg bleiwen. De ganzen Dag iwwer proposéiere mir iech e Ravitaillement bei engem vun deene véier Foodtrucks, déi dir am Ellergronn fanne kënnt.
Et gëtt exklusiv Kaffisspezialitéiten, Eisekuch, Churros, Donuts an Uebstspiesser mat Schokela, vegetaresch a vegan Wraps, Burger a Fritten.


(c) www.cafetree.lu
Et gëtt exklusiv Kaffisspezialitéite vu 
CafeTree, déi zënter 2015 mat hirem Foodtruck, deen éischter e Coffeetruck ass, duerch ganz Lëtzebuerg ënnerwee sinn an déi zënter dem leschte Joer och hiren eegene Kaffis réischteren. Nieft dem Kaffi, deen dir op der Plaz e Sonndeg genéisse kënnt, kënnt dir och hire selwer produzéierte Kaffi op hirem Stand kafen.


(c) www.confiseriehary.lu
Eisekuch, Churros, Donuts an Uebstspiesser, fir déi séiss ënnert iech, proposéiert d‘Confiserie Hary, déi e Sonndeg och mat engem Foodtruck bis an den Ellergronn kommen. Hei kënnt dir iech richteg verwinnen.


(c) www.twarps.lu
Fir deen e bësse méi groussen Honger proposéiere mir iech e Sonndeg eng Rei u vegetareschen a vegane Wraps. T-Wraps verwinnen iech aus hirem Foodtruck eraus a proposéiere hir Panoplie u Wraps an eng ganz Rei vun organesche Jusen a Limonaden. 


Source: www.pixabay.com
A fir déi ënnert iech, déi no engem Burger a Fritte glëschten ass och gesuergt. D’FoodRiders maache mat hirem Streetfood Statioun am Ellergronn a proposéieren iech hir beschte Platen.

Wéinst den aktuelle Covid-19-Mesurë muss am Sëtze giess ginn. Et si genuch Dëscher a Bänken um Site virgesinn. Et däerfen awer maximal 4 Persounen op engem Dësch sëtzen, mä dir kënnt awer sécher sinn, datt dir iech gutt vun de 4 Foodtrucks um „Dag vun der Natur“ verwinnt gitt.