Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Claude Turmes besicht d’Minett UNESCO Biosphere

Haut war de Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, op Besuch an der Minett UNESCO Biosphere, e Label vum Gemengesyndikat Pro-Sud, deen duerch eng Konventioun Département de l’aménagement du territoire (DATer)  zum Deel finanzéiert gëtt.




De Minister krut fir den Optakt vu senger Visitt eng Iwwersiicht iwwert déi rezent an zukünfteg Projete vun de Responsabele vun der Minett UNESCO Biosphere, eng Initiativ déi vum DATer vun Ufank un ënnerstëtzt gouf. Et goung ëm de rezente BioBlitz um Territoire vun de Pro-Sud Gemengen, ëm d’Deeg vun der Biodiversitéit an de Lancement vun enger proaktiver Kommunikatioun ronderëm d’Bedeitung vum Biosphärereservat fir déi 11 Gemengen aus dem Süde vu Lëtzebuerg an d’Awunner aus dem Minett.




Duerno ass no vir gekuckt ginn, op de grousse Summerprojet an der Biosphär, déi geopoetesch Entdeckungsrees vum italieenesche Schrëftsteller Davide S. Sapienza an dem Lëtzebuerger Geolog Robert Weis an aner Projeten, déi fir déi Hierscht geplangt sinn.



No enger kuerzer Erfrëschung ass et du fir de Minister op eng visite guidée duerch eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gaangen. Ënnert der Féierung vum Pol Zimmermann, Responsabele fir den Naturschutzzentrum Ellergronn, krut de Claude Turmes d’Bedeitung vun den alen Dagebaugebitter am Süde vu Lëtzebuerg fir den Developpement an den Erhalt vun der Biodiversitéit erkläert. En natierleche Räichtum, deen d’UNESCO dozou beweegt huet de Minett am leschten Hierscht als 714. Biosphärereservat an der weltwäiten „Man and the Biosphere“-Reseau opzehuelen.