Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt die Regioun Nature Explorer: Jugendworkshops Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

3 Froen un… d’Simone Beck

D’Simone Beck ass d‘Presidentin vun der nationaler UNESCO Kommissioun. Zënter leschtem Hierscht ass d’Minett UNESCO Biosphere en Deel vum weltwäite Reseau vun UNESCO Biosphärereservater. Grond genuch der Presidentin vun der nationaler UNESCO-Kommissioun 3 Froen ze stellen.

 


Wéi eng Roll spillt eng Weltorganisatioun, wéi d’UNESCO, am Zesummenhang mam Erhalt vun der Geschicht a Kultur, awer och beim Erhale vun der Natur an der Biodiversitéit an de verschiddene Memberlänner vun der Organisatioun, awer virun allem och zu Lëtzebuerg?

D’Konzept vun der UNESCO gouf am Zweete Weltkrich zu London vun den Educatiounsministere vun den europäesche Regierungen am Exil entwéckelt. Gegrënnt am Oktober 1945, ass d’UNESCO-Missioun Fridden a Mënscherechter ze propagéieren duerch besser Ausbildung (fir Toleranz a géigesäiteg Versteesdemech), duerch natierlech, sozial a mënschlech Wëssenschaften an duerch Kultur, déi wesentlech Fondatioun vun der Kreativitéit an den Talenter vun alle Mënsche sinn. Sou gouf de Programm vum Weltkulturierwe gegrënnt, dee Kultur- an Natursitte mat aussergewéinlechem universelle Wäert zesumme bréngt, wéi déi al Quartieren an d’Festungsanlage vun der Stad Lëtzebuerg, déi 1994 an dëse prestigiéise Programm opgeholl goufen. Den dokumentaresche Patrimoine vun der Mënschheet, besser bekannt ënner „Memory oft he World“, ass e faszinante Programm, well en eis duerch Musekspartituren, mëttelalterlech Manuskripter, Krichsarchiven, Sklaveregister oder och technesch Pläng weist, wéi en Erfindungsräichtum de Mënsch weise kann, zum Gudden awer och zum Schlechte vun der Mënschheet. Zënter 2003 ass d’Fotosausstellung „The Family of Man“ vum Edward Steichen, déi am Klierfer Schlass ze gesinn ass, Deel vun der “ Mémoire du Monde“. Awer d’Kreativitéit vu Mënsche weist sech net nëmme konkret: den Domaine vum immaterielle Patrimoine ass immens. Gewunnechten, Riten, Dänz, d’Gastronomie, philosophesch Iwwerleeungen, Kaffiszeremonien oder d’Vinifikatioun si Beispiller vun engem liewege Patrimoine. Lëtzebuerg ass zweemol am Register vum immaterielle Patrimoine vun der Mënschheet vertrueden: zënter 2010 mat der Iechternacher Sprangpressessioun an zënter 2020 mat der musikalescher Konscht vum den Haupesch-Bléiser.

Duerch seng „Man and the Biosphere“ Programmer, d ‚“Global UNESCO Geoparks“ oder hir vill Initiativen am Schutz vu Liewensraim ënner Waasser oder hir Fuerschung am Kontext vum Klimawandel, kämpft d’UNESCO op ville Fronte fir et méiglech ze maachen, déi nohalteg Entwécklungsziler vun der Agenda 2030 z‘erreechen. Zu Lëtzebuerg mécht den Titel „Minett UNESCO Biosphere“, deen déi eelef Pro-Sud Gemengen 2020 kruten, dës eelef Gemengen zu enger Modellregioun fir nohalteg Entwécklung, eng grouss Éier an eng grouss Erausfuerderung. Et geet drëm déi ekonomesch an Urban Entwécklung mam Respekt virun der Ëmwelt an natierleche Ressourcen ze verbannen.


D‘“Minett UNESCO Biosphere“ gehéiert zum Programm „Man and the Biosphere“ deen dëst Joer 50 feiert. Wéi eng Virdeeler kënnen d’Natur, d’Wirtschaft an d’Awunner aus der Südregioun vu Lëtzebuerg aus dem Ophuele vum Minett an dëse Reseau zéien?

D’Virdeeler si villfälteg. Eng Biosphär ze sinn dréit zur besserer sozialer Kohesioun an der Regioun bäi an zu engem verstäerkten Interessi fir hiert ökologescht Potential a hir natierlech a kulturell Ressourcen. Zousätzlech bréngt d’Zesummenaarbecht tëscht dem Secteur vun der Ekonomie an Ëmweltinitiativen en immenst Potential mat sech. D’UNESCO wëll den Industrie- an Handwierksbetriber an der Regioun keng Reegelen imposéieren: hofft awer, datt si, bei dëse Betriber, déi hire Sëtz an enger Biosphär hunn, zu engem bessere Bewosstsinn vun nohalteger Entwécklung bäidréit. 


Wat sinn Ärer Meenung no déi, aktuell an zukünfteg, grouss Erausfuerderunge fir den UNESCO Patrimoine an den nächste Joren an dat esouwuel zu Lëtzebuerg wéi och soss uechtert der Welt?

D’Mënschheet steet viru groussen Erausfuerderungen: de Klimawandel, d’Verschmotzung vu Waasser a Mierer, d’Verschwanne vun Insekten, de schlechten Zoustand vun de Bëscher, dat onverantwortlecht Behuele vu Konsommatiounsgesellschaften, déi intensiv Landwirtschaft, déi endlos Urbaniséierung, verursaacht duerch d’Bevëlkerungsexplosioun. De Klimawandel – haut scho verantwortlech fir d‘Klamme vum Mieresspigel an d’Schmëlze vun de Polkappen – wäert d’Verschwanne vun Archipeler am Pazifik, vun Déieren- a Planzenzorte mat sech bréngen an doduerch Dausende vu Leit forcéiere fir hiert Doheem ze verloossen, well et iwwerschwemmt oder ze dréche gëtt, oder wëll hir Heemecht einfach verschwënnt. Klimaflüchtlinge wäerte sécher bei déi grouss Zuel vu Mënschen dobäikommen, déi hir Länner wéinst Krich oder Verfollgung musse verloossen. Erosioun a Klimawandel beaflossen elo scho vill UNESCO-Sitten, déi ewell op enger Lëscht vu bedreete Sitten zesummegefaasst ginn.

Eng grouss Erausfuerderung besteet doranner eis Mentalitéit ze änneren: Äerdbier op Chrëschtdag iessen, Bio Gromperen aus dem Chile importéieren, de Fliger fir kuerz Distanzen huelen, Waasser aus Plastiksfläschen drénken (am beschten aus dem Himalaya), 5-Euro-T-Shirte kafen, déi ënner grujelege Konditiounen op der anerer Säit vun der Welt fabrizéiert ginn, esou bëllegt Fleesch kafen, datt et nëmmen aus enger Massenhaltung ka kommen, all Joer de Smartphone wiesselen … : d’Chantiere si gigantesch. An awer ass et d’Verantwortung vun eis all fir dëse Planéit ze retten. Mir hu keen aneren.

Mir hoffen, datt d’“Minett UNESCO Biosphere“ d’Awunner, d‘ONGen, d‘Entrepreneuren an d’Wëssenschaftler, déi do liewen a schaffen, encouragéiert fir nei Initiativen z’entwéckelen, wierklech nohalteg Approchen an Alternativen zu aktuelle Fonctionnementsmethoden ze proposéieren. Et ass dofir och eng Regioun, déi sech a Richtung Erneierung entwéckelt, sech remixt an nei erfënnt, en Vue op eng méi respektvoll Entwécklung vun de Relatiounen tëscht Mënsch an Natur a Mënsch a Planéit, vun deene jidderee profitéiere kann.