Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Rocklines – D’Geopoeten

Am Juli starte mer eng grouss Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere. Mär kucken, laanscht de Minett-Trail duerch en anere Bléckwénkel d’Landschaft, den Afloss vum Mënsch op de Minett an de Räichtum, deen eis dës al Industrielandschaft schenke kann.


(c) Marc Weis

„Rocklines – A Journey Through Minett“, The Sea Of Red Rocks gëtt eng geopoetesch Rees mam Robert Weis vum ‘natur musée’ an den italieneschen Auteur a Geopoet Davide Sapienza.

De Robert Weis kënnt aus dem Minett. De Robert seng Passioun fir d’Fossilien a d’Fielse vun der Regioun ass schon a jonke Jore gewuess. Fréiere Gewënner vum „Concours Jeunes Scientifiques”, schafft hien 2002 am ‘natur musée’ als gestionnaire vu de paleontologesche Sammlungen an huet sech als  Fuerscher op déi wirbellos Mieresdéieren aus dem Zäitalter vum Jura spezialiséiert.

Hien ass den Auteur vun engen drësseg wëssenschaftleche Publikatiounen iwwer d’Taxonomie a Palaeogeographie vu fossille Cephalopoden. Zënter kuerzem sinn d‘Opwäertung an de Schutz vum geologesche Patrimoine eng vu senge Prioritéite ginn. Hien organiséiert reegelméisseg Feldausflich fir de Public an d’Landschaft anzeféieren a mat hinnen d’Säiten, déi Äerd an hirem Buch geschriwwen huet, z’interpretéieren.

Niewent sengem professionellen Engagement war de Robert Weis och ëmmer kënschtleresch an artistesch ënnerwee. Mat der Associatioun „Panoplie“ huet hien tëscht 2005 an 2010 ronn fofzeg Concerten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun organiséiert. Donieft ass hien och de Grënner vum onofhängege Label Pocket „Heaven Records“ a war laang Joren ee vun de Moderatore vun der Emissioun „Sentier Sonori“ um Radio Ara.

Zesumme mam italieneschen Autor Davide S. Sapienza huet hie geopoetesch a literaresch Wanderungen am Mëllerdall an der Stad organiséiert a guidéiert. Seng Leidenschaft fir Reesen an Entdeckungen hunn hien e puer Mol a Japan gefouert, Reesen, déi de Robert a sengem perséinleche Blog um Internet dokumentéiert huet. 


(c) Renato Zanotti

Den Davide Sapienza huet zënter 1984 an der Verlagswelt geschafft, a sengem „éischte Liewen“ stoung d‘Musek am Mëttelpunkt, Hie huet Bicher geschriwwen, klassesch Auteuren iwwersat, war am Journalismus, um Radio an op der nationaler Televisioun aktiv. Wärend deene Joren huet hien och extensiv mat indianesch-amerikaneschen Dichter, wéi dem Lance Henson a dem John Trudell geschafft, déi him gehollef hunn eng poetesch Visioun vun eiser Äerd ze schafen.

Vun 1998 huet hie sech de Reesen an Exploratioune gewidmet an natierlech säin eegene Stil entwéckelt. 2004 ass den Davide dunn nees an d‘Ëffentlechkeet getrueden, mat sengem Reesbuch, den héich gelueften „I Diari di Rubha Hunish“ (wat och d’Haaptevent vum Bruce Chatwin Präis am selwechte Joer war). Dëst Buch, wat zu engem Kulttext avancéiert ass, an en Afloss op vill nei Schrëftsteller hat, huet zu engem literareschen Zyklus gefouert, deen am Joer 2019 mam „Il Geopoeta. Avventure Nelle Terre Della Percezione“ op en Enn gaangen ass.

Am Joer 2008 huet den Davide S. Sapienza mam Regisseur Enrico Verra, « Scemi di Guerra (La follia nelle trincee) », e revolutionären a provokanten Dokumentarfilm iwwert den Éischte Weltkrich geschriwwen. Zesumme mam Geograph, Entdecker an Autor Franco Michieli, huet war hie vun 2014 un dräi Joer laang um Terrain fir d’ERSAF (Ente Regionale per i Servizi all’Agricoltura e alle Foreste), fir no laangen Nofuerschungen a ville Wanderungen, e 70 Kilometer laangen Trëppelwee duerch déi zentral Alpen vu Valcamonica ze realiséieren. Fir dësen Trail ze creéiere war den Davide op méi wéi 1000 km aktuellen, anticken a vergiessene Weeër ënnerwee. Haut verbënnt d’Via De Stiller (an engems den Numm vun engem geopoetesche Reesguide) d’Biergbauerenhäff vun dëser Regioun. D‘Via Dei Silter gouf 2020 als ee vun de beschten neie Wanderweeër an Italien ausgezeechent an an d‘Refrenzbuch „Cammina Italia“ opgeholl.

Den Davide schafft bei der Editioun vum „Corriere della Sera“ zu Bergamo a schafft de Moment un engem Projet fir Bodo2024, Europäesch Kulturhaaptstad.

Am Juli entdecken de Robert Weis an den Davide Sapienza zesummen d‘Minett UNESCO Biosphär. D’Resultat vun hirer Rees, hire Rencontere mat Bierger, Fuerscher an Decideuren, esou wéi hir perséinlech Entdeckunge ginn da vum Davide Sapienza an dem Robert Weis an en Text verschafft, deen 2022 als geopoetescht Reestagebuch publizéiert gëtt, an deem Joer also, wou Esch an déi ganz Pro-Sud Regioun, aus där d’Minett UNESCO Biosphere besteet, zesummen Europäesch Kulturhaaptstad sinn.

Fir d’Bild vum Davide Sapienza ze komplettéieren, kuckt dëse Video an deem den italieneschen Auteur sech virstellt: