D’Mobilitéit, déi zu Lëtzebuerg vun enger grousser Autoskultur gepräägt ass, ass ee vun de wichtegste Sujeten hei am Land. Erausfuerderunge wéi Stauen a Loftverschmotzung si Konsequenze vum Verkéiersopkommes.
An dësem Kontext maache mir am Kader vun eiser Zesummenaarbecht mam Ministère fir Landesplanung eng soziologesch Etude, fir Är Perceptioun vum Vëlo an d’Roll vum Auto zu Lëtzebuerg besser ze verstoen.
Mir invitéieren Iech un engem ongeféier 30-Minutten Online-Interview deelzehuelen, deen eis hëllefe soll, Méiglechkeeten z’identifizéiere fir de Pendelverkéier tëscht doheem an der Schaff ze verbesseren. Är Anonymitéit ass garantéiert. Mir soen Iech am Viraus Merci fir Är Participatioun a bieden Iech de Formulaire hei drënner auszefëllen, fir datt mir Iech kontaktéiere kënnen.
Link fir Iech fir den Interview unzemellen.
Photo: musefoto on freepik.com |
Photo: EyeEm on freepik.com |
Photo: peus_purchases on freepik.com |