Am November 1991 ass mat der Naturschutzzon Prënzebierg dat aalt Dagebaugebitt vum „Giele Botter“ ënnert Naturschutz gestallt ginn.
Haut sinn déi 254 Hektar eng vun de 6 Kärzone vun eiser Biosphär.
1870 ass schonn déi éischt Konzessioun um Prënzebierg erdeelt ginn. Virun allem nom zweete Weltkrich ass d’Minett hei, mat Hëllef vu grousse Maschinnen, iwwerierdesch exploitéiert ginn. 1977 ass den Dagebau definitiv zou gaangen.
Iwwreg blouf e Gebitt, wat an de Joren a Joerzéngten duerno vun der Natur konnt zeréckeruewert ginn. Ringelnatter a Kammmolch, iwwer 170 verschidde Päiperleksaarten an 21 vun den am Ganze 36 bekannten Orchideenzorten zu Lëtzebuerg sinn hei ze fannen. Bemierkenswäert ass, datt déi éischt Orchideeën am Naturschutzgebitt „Giele Botter“ schonn 1974 konnten nogewise ginn, zu engem Zäitpunkt wou de Site nach ëmmer industriell genotzt ginn ass.
An der direkter Noperschaft vun der Kärzon Prënzebierg fannt dir och de Minett Park Fonds-de-Gras an den ale kelteschen Oppidum vum Tëtelbierg, dee bis zu der Grënnung vun Tréier duerch d’Réimer eng vun de bedeitendste Siidlungen an der Regioun war.
An dëser Broschür, déi vun der Naturverwaltung erausbruecht gouf, gitt dir op 100 Säite méi iwwert d’Geschicht, d’Biodiversitéit, den Ënnerhalt an esouguer den Numm vun dëser Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere gewuer.
![]() |
![]() |
|
|
|
|