Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

Cap Futur mam Lycée Guillaume Kroll

Urban Biodiversitéit

D’Zil vum Projet war et fir en Etude iwwert d’Situatioun vun der Biodiversitéit ronderëm de Lycée ze maachen a mat verschiddenen Interventiounen d’Biodiversitéit ze vergréisseren an dës Informatiounen duerch eng Kommunikatiouns Campagne ze verbreeden.

Wärend der éischter Sortie, hunn d’Schüler d’Natur vum Ellergronn an seng Industriegeschicht kenne geléiert.  Mat engem Observatiounsheft ausgerëscht, hunn si verschidde Planze gesammelt fir se ze identifizéieren a fir en éischte Risoprint ze benotzen.

Déi zweet Sessioun war ronderëm dem Lycée. D’Schüler hunn eng Biodiversitéitsopnam gemaach andeem se mat der App iNaturalist d’Planzen, déi dobausse wuessen, identifizéiert hunn.

D’Kéier drop hunn se mehrjähreg Planzen op zwou verschidde Planze ronderëm d’Schoul geplanzt. Dës Planzen, wie beispillsweis Lavendel, hunn vill Nektar a vergréisseren d’Iesméiglechkeete vun den Insekten. Si hunn geléiert wéi en Planze setzt a firwat et wichteg ass dass méi Bléieplanzen do sinn.

© Minett UNESCO Biosphere / Lucie Majerus

D’Sessioun drop hunn se mat Hëllef vum CIGL Esch Insektenhoteller gebaut, well et ronderëm d’Schoul keng natierlech Platze fir Insekte wei doudeg Beem stinn, wou d’Insekten natierlech dra wunne kënnen. Si kruten Erklärunge vun der Zoologin Marie Kayser an zum Schluss hunn d’Schüler d’Hoteller mat Faarf dekoréiert.

Di nächste Kéier hunn d’Schüler en Brainstorm gemaach, wéi se déi geléiert Informatiounen, kommunizéiere kéinten. Et goufen dräi Gruppe gemaach fir Pousteren iwwert dës Theme gestalten: D’Bestëbsung, den Insektenhotel an d’Biodiversitéit. Si hunn geléiert wéi een eng Hierarchie vun den Informatiounen op de Postere festleet, wéineg Gréissten déi verschidden Elementer mussen hunn an d’Wichtegkeet vun de Visuellen. Si hunn mat der Hand gezeechent a gedréchent Planzen als Collage benotzt. Den Text gouf mat der Hand geschriwwen. Well d’Riso-Imprimante just eng Faarf pro Kéier printe kann, hunn si geléiert wéi een zwou Versioune vum Pouster gestalte ka fir zwou Faarwen iwwert eneen ze setzen. Den Drock ass an zwou Kéiere gemaach gi fir dass d’Tënt dotëscht dréchene kann.

Wärend der leschter Sessioun hunn d’Schüler vun enger leschter Sortie an der Natur profitéiert fir di verschidde Bamaarte kennen ze léieren an zum Schluss och en Spillmoment ze erliewen.

Den Projet gouf vun dräi Intervenanten encadréiert : Malike Pailes, Botanikerin, Isabelle Mattern, Graphikdesignerin a Lucie Majerus, Coordinatrice Ëmweltedukatioun Minett UNESCO Biosphere.