Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

MINETT-MASH UP: Episod 13 – Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng

D’Tiny House Community zu Lëtzebuerg

 

 

Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der “belle vallée”, dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.

Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de Kabaisercher um Minett Trail a war, eventuell dee falsche Choix fir en Episod mam Sujet „Tiny Houses“ opzehuelen, well eleng an den Openthaltsraum vun dëser Kabaische géif e ganzt Tiny House passen.

Eis Gäscht: Nickie Lippert & Laura Hurst

Zënter enger Rei Jore gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Associatioun (Tiny House Community Luxembourg), déi sech duerfir asetzt, der Wunnform vum Tiny House eng legal Basis ze ginn. Eng Fuerderung där se virun e puer Wochen däitlech méi no komm sinn, wéi den Inneministère e „Guide de mise en oeuvre“ fir Tiny Houses publizéiert huet, deen de Gemenge Richtlinne gëtt, wa se dës Form vu Wunnen op hirem Territoire wëllen erlaben.

© Minett UNESCO Biosphere / ik-CNCI

De Guide fir d‘Gemengen, d’Iddi hannert dem Liewen an engem Tiny House an d’Schwieregkeeten, déi et zu Lëtzebuerg nach gëtt an d’Konzept vun engem Tiny Houses Village sinn eis Sujeten am Gespréich mam Nickie Lippert, der Presidentin vun der Tiny House Community Luxembourg, déi hiert butzegt Doheem am Gaart vun hiren Eltere stoen huet, an dem Laura Hurst, enger Amerikanerin zu Lëtzebuerg, déi sech zum Zil gesat huet nach virun Enn vum Joer an engem Tiny House ze wunnen.

THCL Facebook THCL Instagram

 

E weidere Sujet am Episod ass d’Waasser vun der “Source Bel-Val”. Dës Waasser, wat bis 1935 weltwäit exportéiert gouf, soll eent vun de beschte Mineralwasser vun der Welt gewiescht sinn.

Eis Minett Location vum Mount: Bieles

D’Gemeng Suessem

D’Kabaische vun der Gemeng Suessem steet an der Uertschaft Bieles, net wäit ewech vun der franséischer Grenz. Bieles ass mat iwwer 7000 Awunner dat gréisst Duerf vun der Gemeng Suessem. Déi aner Dierfer vun der Gemeng Suessem, déi mat ronn 18000 Awunner op der Plaz 6 vun de Gemenge mat de meeschten Awunner steet, si Suessem, Zolwer an Éilereng.

Historesch gesinn huet Bieles sech virun allem duerch seng Minnen um Bielesser Gaalgebierg a ronderëm an duerch seng Proximitéit mat Stolwierk vun Esch-Belval entwéckelt. Nodeems en Deel vun der Schmelz desaffektéiert gouf, ass zu Bieles deen neie Quartier Belval-Sud entstanen, wouduerch d’Uertschaft och an den nächste Joren nach viru wuesse wäert.

Bieles ass, zesumme mat Zolwer déi Uertschaft an der Gemeng Suessem, déi am meeschte vun der industrieller Vergaangenheet vum Minett gepräägt ginn ass. Déi zwee aner Dierfer vun der Gemeng, Suessem an Éilereng, si laang méi ländlech bliwwen.

D’Kabaische vum Mount: Gîte Bieles-Réideng

Dës Kabaischen ass extra fir de Minett Trail nei gebaut ginn. Et ass och déi gréisst vun all de Kabaisercher. Bis zu 12 Persoune kënnen hei mateneen iwwernuechten. Et logéiert een awer een a senger eegener Kummer. Fir ze schlofe sinn hei Boxe virgesinn, déi een an engem Dortoir duerch e Rideau ka privatiséieren.

Zu dëser Kabaischen zielen och e groussen Openthaltsraum, Duschen an Toiletten, déi ee separat an ongestéiert ka benotzen. Alles an allem gläicht dës Kabaischen éischter eng Jugendherberge. Se huet allerdéngs de grousse Virdeel, datt se direkt un der CFL Gare Belval-Rédange läit, vu wou et just zwou Statioune mam Zuch op de Belval sinn.

© Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz:

Eng vun de charakteristesche Plazen aus der Gemeng Suessem ass den Zolwerknapp, deen ee scho vu wäit ka gesinn. Et ass och ee vun den héchste Punkte vum Minett. Wéi héich ass den Zolwerknapp? 

  1. 378 m
  2. 422 m
  3. 559 m 

 

Dem Waasser vun der Source Bel-Val gouf nogesot, dass et immens gutt fir d’Gesondheet wier, dohier huet d’Source och Auszeechnunge krut. Wéi vill Gold-Medaile krut d’Source Bel-Val? 

  1. 5 Gold-Medailen
  2. 10 Gold-Medailen
  3. 38 Gold-Medailen

Linke bei d’Sujete vun dëser Episod:

  • Guide de mise en œuvre Tiny Houses vum Inneministère
  • Facilitec: Tiers-lieu, wou een d’Kreeslafwirtschaft, d‘Deelen a d’Reparéiere praktizéieren an ausprobéiere kann, seng Iddien ëmsetzen an déi néideg Ressource fanne kann.
  • Tiny House Community ASBL: eklektesche Grupp vu Persounen, déi sech duerfir asetzen, der alternativ Wunnform vum „Tiny House“ eng legal Basis zu Lëtzebuerg ze sécheren.
  • Art Square Lab: Agentur fir Déngschtleeschtungsdesign zu Lëtzebuerg.
  • Transition Minett: Veräin, dem säi But ass, lokal déi gesellschaftlech Transitioun méi liicht ze maachen, déi néideg ass, fir eis Manéier fir ze liewen un déi reell Ressource vun eisem Planéit unzepassen.
  • ANF: Administration de la nature et des forêts (Naturverwaltung).
  • Source Bel-Val: Bedreiwer vun der Quell Bel-Val, déi hiert Mineralwaasser tëscht 1893 an 1935 verkaf huet.
  • Rockhal: Zentrum fir elektresch amplifiéiert Musek, Concertshal zu Esch-Belval.
  • Metzeschmelz: Fréier Schmelz tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng mat enger Fläch vun 61 Hektar, déi an e Öko-Quartier mat gemëschter Notzung ëmgewandelt wäert ginn
  • Tiny House Village Delft: En “Tiny Houses” Duerf op enger Industriefriche an der hollännescher Stad Delft.
  • Zolwerknapp: Zeienhiwwel, deen ee vu Wäitem ka gesinn, héchste Punkt vun der Gemeng Suessem.
  • Pavillon Source Bel-Val: Pavillon, dee fir Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad vun der Gemeng Suessem am Parc Belval opgeriicht ginn ass an deen d’Geschicht an d’Legende vun der Quell um Bel-Val verzielt.
  • Source Bel-Val App: Augmented-Reality-App, déi de kënschtleresch-architektonesche Projet vum Pavillon op der Source Bel-Val begleet.

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1