📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Esch2022: Ofschlossfeier

Soirée de clôture – REWIND-PLAY- FORWARD

Den 22.12.22 invitéiert Esch2022 op déi feierlech Cloture vum éischte Kapitel vun der Europäescher Kulturhaaptstad.

Fir den Ofschloss vum Titeljoer Europäesch Kulturhaaptstad richteg ze feieren, invitéiert Esch2022 Iech, zesumme mat den 19 Lëtzebuergeschen a franséische Gemengen a méi ewéi 100 Kënschtler den Donneschdeg, 22. Dezember vu 17:30 un an d’Rockhal op Esch-Belval, esou wéi op eng Aftershow am neie Kulturzentrum L’Arche zu Villerupt (F). En éischten Deel “Esch2022 – REWIND-PLAY-FORWARD” proposéiert vu 17:30 bis ongeféier 20:00 e gemeinsame Bléck zeréck op d’Joer. Duerno ginn d’Gäscht an der Rockhal mat Concerten, Performancen a Danz begeeschtert, éier se den Owend am leschten Deel an der Arche mat engem DJ-Programm kënnen ausklénge loossen.

„Esouguer wann een och an den nächste Joren nach weider de Bols vun Esch2022 op lokalem an internationalem Niveau wäert spieren, esou wëlle mer den 22. Dezember d’Kapitel vum “Titeljoer” feierlech zoumaachen. Mir wäerten zesummen zeréckkucken op eng ganz Rei Projeten a Manifestatiounen, nei Partnerschaften, déi Impulser fir d’Zukunft ginn hunn; mir wëllen awer genee esou houfreg an ausgelooss mat all deene feieren, déi en Deel vun Esch2022 waren a sinn, déi aktiv dru geschafft hunn oder et just suivéiert hunn. Dësen Owend soll e Moment vum Zesummekommen, der Freed an dem Danz ginn, an dat zu Lëtzebuerg an a Frankräich.”, seet d’Nancy Braun, Generaldirektesch Esch2022.

Ëm 16:30 ginn d’Diere vun der Rockhal op. Ewéi scho bei der Ouverture fänkt de Musekensemble Future Frequencies – en Ensembel aus lokale Museker, deen extra fir Esch2022 an d’Liewe geruff gouf, zesumme mam Kollektiv Compagnie Les Passagers den Esch2022 REWIND-PLAYFORWARD – Joresréckbléckk un. D’Show soll Iwwerraschungen, fantastesch Musek an Diversitéit bidden – D’Gemengen, déi deelgeholl hunn, esou wéi lokalen Acteure solle mat Videoshows an immersive Bild an Toun-Erliefnisser a mat Flashbacken, Ausblécker a Podiumsgespréicher fir en interessanten an emotionalen Owend suergen.

Joresréckbléck mat 12 themateschen Optrëtter

De roude Fuedem vum REWIND-PLAY-FORWARD–Joresréckbléck sinn zwielef thematesch Optrëtter vu lokalen an nationalen Acteuren. D’Gemengen, déi bei Esch2022 dobäi waren, esou wéi verschidden Acteuren a Partner presentéieren hir kulturell an touristesch Highlighte vun Esch2022 a ginn en éischten Aperçu op d’Ierwe vum Titeljoer fir déi nächst Joren. De Public gëtt esou an der éischter Hallschent vun Owend duerch déi verschidde Facetten an Dimensioune vum Esch2022-Titeljoer guidéiert. Am Fokus sti kënschtleresch Acquisen, nei Plazen, déi kulturell Appropriatioun vu Plazen, déi et scho gouf, nei virtuell an digital Horizonter, Kënschtlerresidenzen, Nohaltegkeet, Immigratiounsgeschichten, Kultur- an Industrieierwen, lokal Traditiounen, grenziwwerschreidend an international Kollaboratioune mat Kaunas 2022 an Novi Sad 2022, Tourismus an Europa. D’Erliefnis soll duerch lokal Musek, Konscht, Akrobatik a Kulinarik ofgeronnt ginn.

“Mir blécken zeréck op d’Titeljoer vun der Europäescher Kulturhaaptstad, e Joer, wat voll war, mat spannende Manifestatiounen an neien oder bekannte Plazen, mat alen an neie Frënn, bekannten Traditiounen, déi nei geduecht goufen, an innovativen Iddien, déi sech etabléiere sollen. Eis grenziwwerschreidend Regioun huet sech elo scho positiv verännert, se ass méi visibel ginn, och op internationalem Niveau”, seet de Georges Mischo, President vun Esch2022. “Vill nei Weeër, y inclus Reseauen, hu sech schonn aus dem kollektive Geescht eraus entwéckelt; eng nei Richtung, déi mer an den nächste Méint a Jore wäerte bäihalen, well de Projet Esch2022 geet virun, fir eis gemeinsam Zukunft och weider zesummen ze gestalten.”

Bis zu 5000 Gäscht kënne matfeieren

Vun 20 bis 23 Auer kënne bis zu 5.000 Gäscht verschidde Showen erliewen. D’Projeten, déi mat agebonne sinn, waren en Deel vum offiziellen Esch2022-Programm a sollen, nach eng Kéier, representativ fir all d’Projeten de Geescht an d’Energie vun Esch2022 verbreeden. Um Floor vun der Rockhal start den Apéro Littéraire um 20:30 mat Danz an Theater. Vun 21:00 u gëtt d’Main Hall vun der Rockhal vum Kollektiv Belong an Zesummenaarbecht mat AlterCadance an dem Capoeira Team Luxembourg un d’Kache bruecht. Dräi Projete vun Esch2022 di sech zesummen a Form vun enger aussergewéinlecher Bünen- a Museksshow. Et waarden 30 Museker an Dänzer op d’Visiteuren, déi matgeholl ginn op eng Klangrees an déi véier Ecke vun der Welt.

Am Club vun der Rockhal rockt de belsche Kollektiv La Jungle – Collaborations Brutes vun 21:00 un. Um 22:15 fueren Désoeuvrés an E(s)chauffés a méi engem intime Kader mat der Show virun. Fir de Owend ofzeschléissen, waart den neie Kulturpol Arche zu Villerupt vun 23:00 bis 3:00 op Gäscht. Hei wäert déi elektronesch Musek vu Miss Sappho, dem Kollektiv La Creole, Bernadette esou wéi dem Kollektiv La Zintrie de roude Buedem un d’Wackele bréngen. Tëscht der Rockhal an der Arche zu Villerupt fuere vu 16:00 bis 03:00 Navetten.

© Eric Devillet Miss Sappho

Gratis Entréesticketen elo online ze kréien

D’Reservatioune fir Entréesticketen huet den 1. Dezember ugefaangen. Den Entrée ass gratis, et muss ee säin Ticket awer am Virfeld reservéieren.

Informatioune a Reservatiounen iwwer esch2022.lu