Hannert héijem Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oas an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore, hëlt eis mat op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotte Projeten diskutéieren, un deenen hie schafft! Léiert mat eis e puer nei Lëtzebuergesch Wierder, maacht iech mat eis d’Stiwwele knaschteg a laacht mat eis!
![]() |
![]() |
![]() |
Eis „Minett Location“ vum Mount:
Beréngungsstatioun, Schëfflenger Brill ((Google Maps : 49°30’39.0″N 6°00’29.4″E)
Eisen Invité: De Sören Salvatore
De Sören Salvatore, e jonken Ornitholog a Wëssenschaftspedagog, dee fir d’Asbl natur&ëmwelt schafft. Hien ass och „Wildlife Fotograf“ an huet säin eegene Podcast mam Titel “Un der Grenz”.
Website |
Dem Sören säi Quiz (Froen a Äntwerten):
Wei nennt ee Schilf op Lëtzebuergesch? Lëtschen.
Wat ass e Brill? E Brill ass en natierlecht Fiichtgebitt an der Géigend vun engem Duerf.
Wei ee Villche fënnt een am heefegsten am Schëfflenger Brill? De ‚Klenge Jäitzert‘ (LU) oder Teichrohrsänger op Däitsch. Dëse Villche gëtt am meeschte beréngt op der Beréngungsstatioun am Schëfflenger Brill.
Wat fir en Déier renaturéiert de Brill op eng natierlech Aart a Weis? De Biber! De Biber ass säit Kuerzem nees zu Lëtzebuerg an och am Schëfflenger Brill ze fannen.
Sujeten an dëser Episod:
- Beréngungsstatioun am Schëfflenger Brill. Hei kréien d’Villercher e Rang, also souzesoen hir Carte d’Identité fir Monitoringzwecker. +/- 120 verschidden Aarte vu Villercher sinn am Brill bis elo nogewise ginn.
- Sören’s Wildlife Photography op Instagram.
- COL Urban birds – protecting climate and Wildlife – E Projet ënnert der Leedung vun natur&ëmwelt an deem de Sören engagéiert ass.
- Schlammwiss Iwwersiren – En 375 ha grousst Fiichtgebitt.D‘Schlammwiss ass dat gréisst Schilfgebitt zu Lëtzebuerg
- “De klénge Jäizert” ass dee Vugel, deen een am Summer am heefegsten zu Lëtzebuerg gesäit. E lieft am Lëtschen.
- Rauchschwalbe”>Stallschmuewel – Dem Sören säi Liblingsvillchen
- Sténgeforter Schmelz
- Schlakentipp : D‘Schlake goufen ewech geholl an ofgedroen. Wou fréier de Schlakentipp war, fënnt een elo e grousse Weier.
- De Wäisse Stuerk als Vull, deen hei bréit.
- Lameschmillen (net wäit vum Dumontshaff) – 2013 sinn déi éischt Stuerken zu Lëtzebuerg hei entdeckt ginn.
- D’Renaturéierung vun der Uelzecht op engen 20km Streck tëscht der Stad an dem Süde vu Lëtzebuerg.
- Lëtschen (LU) /Schilf (DE) ass ee Gras. Et gehéiert zu der Famill vun de Süßgräser (Poaceae). Lëtsche kann 1 bis 1,5 Meter héich ginn.
- Neighbour Magazine – en digitale Magasinn, deen all 3 Méint erauskënnt an deen sech op nohaltegt Liewe konzentréiert mat engem Fokus op Lëtzebuerg an d‘Groussregioun
- Un der Grenz – Dem Sören säi Podcast
Kontaktiert d’Minett Mash-Up Equipe: