Grondwaasser: Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen
Sujet vum Weltwaasserdag 2022 ass d’Grondwaasser. D’Campagne ass iwwerschriwwen “Grondwaasser: Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen”. De Sujet vum Weltwaasserdag gëtt all Joer vun UN-Water festgeluecht. Fir dëst Joer ass de Sujet vum Grondwaasser zeréck behale ginn.
Weltwaasserdag – 30 Joer Geschicht
1992 hat d’Konferenz vun de Vereenten Natiounen iwwer Ëmwelt an Entwécklung (UNCED) recommandéiert en internationalen Dag fir d’Séisswaasserressourcen anzeféieren. Doropshin ass den 22. Mäerz 1993 den éischte Weltwaasserdag organiséiert ginn.
Fir déi weltwäit Mesuren ze stäerken huet d’Generalversammlung dat internationaalt Aktiounsjoerzéngt “Waasser – Quell vum Liewen (2005-2015)” an dat aktuellt Aktiounsjoerzéngt “Waasser an nohalteg Entwécklung (2018-2028)” ausgeruff.
Dës déngen der Stäerkung vun der Zesummenaarbecht an de Partnerschaften op allen Niveauen, fir esou déi international festgehalen Ziler, déi a punkto Waasser geholl goufen, z’erreechen, y inclus déi, déi an der Agenda 2030 fir nohalteg Entwécklung festgeschriwwe goufen.
Wat geschitt um Weltwaasserdag?
Am Virfeld vum 22. Mäert gi Manifestatioune ronderëm de Sujet Weltwaasserdag vun eenzele Persounen an Organisatiounen organiséiert, déi sech un der weltwäiter ëffentlecher Campagne bedeelegen, déi UN-Water e puer Méint virdrunner op www.worldwaterday.org an an de sozialen Netzwierker gestart huet.
Um Dag selwer kënnt dann och de Rapport mondial vun der UNO iwwert d’Notze vun de Waasserressourcen eraus. Deen huet all Joer de selwechte Sujet wéi d’Campagne an an dësem Rapport sti Recommandatioune fir d’Decideuren.
Grondwaasser – E verstoppte Schatz
D’Grondwaasser ass onsiichtbar, mä säin Afloss kann een iwwerall gesinn.
Bausst eiser Vue, ënnert eise Féiss, ass d’Grondwaasser e verstoppte Schatz, ouni dee kee Liewe méiglech wier. An den dréchenste Regioune vun eiser Äerd ass et esouguer deels déi eenzeg Waasserressource, déi disponibel ass.
Bal all d’Séisswaasserreserve vun eisem Planéit sinn ënnerierdesch; se gi benotzt fir d’Versuergung mat Drénkwaasser, fir d’Entsuerge vu knaschtegem Waasser, fir d’Landwirtschaft, d’Industrie an natierlech och vun de verschiddenen Ökosystemer.
Dacks gëtt ze vill Grondwaasser aus dem Buedem geholl, oder et gëtt verknascht an oft wësse mer emol net, wéi vill Waasser iwwerhaapt ënnert eise Féiss ze fannen ass.
D’Grondwaasser wäert bei der Upassung un de Klimachangement eng wichteg Roll spillen. Et ass deemno net vu Muttwëll eis Efforten ze gruppéieren, fir dës wäertvoll Ressource op eng nohalteg Manéier ze notzen.
Och wann et verstoppt ass, däerf d’Grondwaasser net vergiess ginn. E kompletten Dossier, op Englesch, ronderëm de Weltwaasserdag ass hei disponibel.