An den nächsten Deeg stelle mir iech déi eenzel Experten, déi den 23. a 24. Abrëll beim Minett Beyouthsphere Jugendforum zu Lasauvage matmaache vir. Dës Experten identifizéieren deen Ament mat de Participante verschidden Erausfuerderungen an der éischter Biosphär vu Lëtzebuerg. Duerno ginn a kreativen Ateliere konkret Probleemer bestëmmt a méiglech Léisungsusätz ausgeschafft.
Den éischten Expert, dee mir virstellen ass de Georges Moes. Hien ass e passionéierte Frënd vun der Natur an e Fan vun allem wat lieft. De Georges, deen an der schéiner Muselregioun schafft, beschäftegt sech als Landschaftsplaner mat enger Rei vu konkreten Initiativen am Oste vum Land.
Vun der Chimie bei d’Landschaftsplanung
D’Geschicht vum Georges huet net op der Musel ugefaangen, an och net am Ëmweltberäich. Tatsächlech ass de Georges eigentlech am Süden opgewuess. Hien ass vu Leideleng! D’Regioun, an déi deemools nach omnipresent industriell Aktivitéite begeeschteren de Georges fréi fir d’Chimie. Ausserschoulesch ware Karikaturen a Cartoons dem Georges säin Hobby. Duerch dës Passioun ass hien och op Wien studéiere gaangen, fir Konschtproff ze ginn.
Wärend dëser Zäit hu sech vill aflossräich Kënschtler beim Entstoe vun der globaler Ëmweltbeweegung engagéiert, dorënner och de berüümte Joseph Bueys mat sengem “7000 Eichen Projekt (1982)”. De Georges huet sech vun dëse Pionéier inspiréiere gelooss an huet seng Studien, aus Solidaritéit, schlussendlech a Richtung Landschaftsplanung a Landwirtschaft verlagert. Hie war laang Joren zu Kassel engagéiert, wou hien sech, bannent a bausst der Uni, op verschidde Sujete vun der urbaner Ëmwelt konzentréiert huet bis hie schlussendlech de Wee zeréck op Lëtzebuerg fonnt huet. Hei ass hie Mataarbechter bei der Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt ginn.
Life Orchis & SEED
An dëser Funktioun konzentréiert de Georges sech op d’Gestioun an d’Erhale vun den oppene Landschaften a Biodiversitéitshotspotten an der ëstlecher Regioun vum Land. An deem Kader hunn hien an seng Kolleegen tëscht 2014-2019 de Projet ‘Life Orchis‘ organiséiert, mam Zil all déi verbliwwe Kallekgrasflächen a Wakelterformatiounen am Südoste vu Lëtzebuerg ze sécheren an ze restauréieren, fir se esou z’erhalen. 2012 war de Georges och e Grënnungsmember vun der Initiative ‘SEED – Som d’Erhalen an d’Entwécklung vun der Diversitéit’. Dem Georges seng Léift fir Gäert passt gutt bei déi divers Ziler vun dëser Asbl, déi sech virun allem fir d’Promotioun an d’Conservatioun vu verschiddene Somzorten asetzt an d’Gesellschaft op d’Wichtegkeet vum Som fir d’Mënschheet hiweise wëll.
Am Kader vum Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere wëll de Georges d’Participante fir d’Wichtegkeet vun dësem Sujet begeeschteren. De Minett huet schliisslech, a senger ganzer Diversitéit, eng laang Traditioun a punkto Gaardenaarbecht. Heivunner kann d’Regioun awer nëmme profitéieren, wann d’Lienen tëscht hiren Awunner an dëse Praktiken a Wäerter nees gestäerkt ginn, mengt den Expert.
Umeldung fir de Forum nach méiglech
Wann s du tëscht 17 an 29 Joer hues, a Loscht hues mam Georges Moes u konkrete Mesure fir de Schutz an den Erhalt oder fir d’Revaloriséierung an d’Restitutioun vun der Biodiversitéit am Süde vu Lëtzebuerg ze schaffen, da mell dech u fir de Minett Beyouthsphere Jugendforum a gëff en Deel vun der Verännerung.