Ënnerwee fir eng nohalteg Mobilitéit
Esch2022 invitéiert iech op déi europäesch Mobilitéitswoch vum 16. bis den 22. September.
PARKING DAG
Esch2022 bedeelegt sech un der internationaler „Parking Day“-Aktioun, déi et zënter 2005 gëtt. Entdeckt innovativ Konzepter an de Gemengen aus der Regioun!
D’Equipe vun Esch2022 invitéiert iech de 17. September op eng Partie Minigolf zu Esch-Uelzecht, (rue de la Liberation), vun 10 bis 16 Auer.
Kommt op de „Parking Day“ de 17. September zu Suessem (Place de l‘Indépendance) fir um Velosreparaturatelier an aneren Aktivitéiten deelzehuelen.
De Sonndeg, 18. September, kënnt dir um „Parking Day“ zu Ëtteng Äeren eegenen Uebstjus mat enger „Smoothyclette“ pressen.
EN DAG OUNI AUTO
Kommt a maacht en Tour an enger Cuistax an de Faarwen vun Esch2022. Treffpunkt e Sonndeg, den 19. September, vun 10 bis 18 Auer op der Place des Sacrifiés zu Esch-Uelzecht (vis-à-vis vun der Schwämm).
MUSEK AM BUS
Genéisst, déi ganz Woch iwwer, verschidde Concerten an den TICE Busser déi am Süden ënnerwee sinn.
Esch2022 an d’Stad Esch-Uelzecht proposéieren iech Musek an de Busser. Benotzt den ëffentlechen Transport a loosst Iech vun de Kënschtler iwwerraschen.
NEXT STOP ESCH2022
No e puer Castinge ginn d‘Busarrêten op den TICE Linnen elo vun den Awunner vun der Esch2022-Regioun annoncéiert.
ANER EVENTS
Fir Eventer am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch, déi déi verschidde Gemengen vum Syndicat PRO-SUD niewent den Eventer vun Esch2022 organiséieren, kuckt einfach d’Websäiten vun den eelef Gemengen an eiser Regioun.