Allerlescht Plazen nach fräi
Fir déi éischt Editioun vun den „Geoheritage Days“, déi d’Minett UNESCO Biosphere zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall organiséiert sinn nach e puer Plaze fräi.
Den „Jurassic Walk“, e Sonndeg de Moien zu Rëmeleng, a „Les récifs coralliens de Rumelange, e Sonndeg am Nomëtteg si leider schonn ausgebucht, mä fir déi drëtt Manifestatioun sinn nach e puer Plaze fräi.
Wéi kënnt d’Eisen an de Buedem
Bei dëser Wanderung iwwert de „Giele Botter, wou de Paleontolog Robert Weis vum ‘naturmusée‘ erkläre wäert, wéi virun iwwer 160 Millioune Joer d’Eisenäerz sech am Minetter Buedem oflageren an usammele konnt, geet et net just drëms d’Eenzegaartegkeet vun deem alen Dagebaugebitt kennenzeléieren. Dir kritt wierklech en Abléck an déi geologesch Entwécklungsgeschicht vum Minett, vun engem passionéierte Minettsdapp, deen iwwert seng Aarbecht als Paleontolog am ‘naturmusée‘ geologesch Zesummenhäng koherent an kompetent erkläre kann.
De Rendezvous fir bei dëser Wanderung, wou d’Explikatiounen op Lëtzebuerg sinn, dobäi ze sinn ass moies um 9:30 an umelle kënnt dir iech iwwert dëse Link.