Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt die Regioun Nature Explorer: Jugendworkshops
arrow
quote quote

Sunsetwalk @ Léiffrächen

Et huet laang ausgesinn, datt d’Rocklines esou ophale géifen, wéi se ugaange waren: am Schloreen. De ganzen Nomëtteg duerch huet et an der Minett UNESCO Biosphere deels kräfteg gereent, mä fir de Start vum Sunsetwalk op der Léiffrächen, gëschter Owend um hallwer aacht, huet de Reen séier nogelooss. Duerno ass den Himmel esouguer opgaangen, esou, datt déi ronn 25 Leit, déi dobäi waren esouguer de Sonnenënnergang gesinn hunn.

A Presenz vum Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, an der Viviane Petry, Ëmweltschäfinn vun der Gemeng Käl-Téiteng, goung et no enger kuerzer Aleedung vun de Geopoeten Davide Sapuienza a Robert Weis eran an d’Naturschutzgebitt „Léiffrächen“, eng vun de Kärzone vun der Biosphärereserv am Süde vu Lëtzebuerg.
Den Trëppeltour, dee pénktlech um 21:15, also knapp 10 Minutte virum Sonnenënnergang, um Sommet Hutbierg ukomm ass, vu wou een eng fantastesch Vue op de „Grand Canyon“ vu Lëtzebuerg huet, wéi de Geolog Robert Weis dësen Deel vun der Minett UNESCO Biosphere gären nennt.

Um Wee dohinner gouf et e puer Stoppen, wou de Robert Weis Erklärungen iwwert d’Schutzmesuren an de Kärzone vun der Biosphär ginn huet an erkläert huet wéi wichteg de Site vum Hutbierg, engem alen Dagebaugebitt, och geologesch ass. Mat Hëllef vun enger Ofbrochkant, déi duerch d’Minièresaktivitéiten hei entstanen ass, huet hien och séier déi geologesch Geschicht vum Minett erkläert. Dat waren déi geologesch Momenter vum Sunsetwalk.

Déi poetesch Momenter koume vum Davide Sapienza, deen um Wee op der Hutbierg aus sengem Text „Geography Moves“ zitéiert hat. Dësen Text hat den italieeneschen Auteur fir d’Konferenz „Geography in (e)motion“ am Ufank vum Projet „Rocklines – A journey through Minett, the sea of red rocks“ geschriwwen. Hei fannt dir de Video vun der kompletter Konferenz mam Davide Sapienza sengem Text fir en nach emol ze lauschteren.

Um Sommet vum Hutbierg a pénktlech fir de Sonnenënnergang huet den Davide Sapienza de Wanderer dunn nach Gedanken aus engem Essai vum Barry Lopez mat an den Owend eraginn. Hien hat duerfir en Text gewielt an deem ëm d’Verankerung vum Mënsch mat senger direkter Ëmwelt, an d’Wichtegkeet vun dëser Verankerung, goung.

De Réckwee an der Dämmerung ass ouni laang Pausen absolvéiert ginn. Mam Abroch vun der Däischtert war de geopoetesche Wandergrupp dunn nees beim „Monument National des Mineurs“ wou d’Gemeng Käl-Téiteng net just jidderengem nach e Patt offréiert huet, mä och d’Monument op eng speziell Manéier beliicht hat, déi dem Owend e memorabelen Ofschloss gouf.