Am Kader vun eisem Projet „Rocklines – A journey through Minett, the sea of red rocks”, mat deem mir en alternative Reesguide fir de Minett-Trail erstelle wäerten, proposéiere mär äerch nach zwee Rendezvousen. Hei kënnt där selwer d’Feld vun de Geopoetik kenneléieren. Där kënnt mat den zwee Geopoeten Davide Sapienza a Robert Weis poteren an entdeckt zwou vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere op eng aner Manéier.
Genéisst e geopoetesche Brunch

Picture by Cottonbro, Source: www.pexels.com
De Sonndeg, 18. Juli um 11:00, invitéiere mär äerch häerzlechst op eng geopoetesch Wanderung duerch déi aussergewéinlech Landschaft vun der Minett UNESCO Biosphere.
Erlieft d’Kärzon „Brucherbierg-Lallengerbierg“ aus dem Bléckwénkel vun der Geopoetik, an déi den Davide Sapienza an de Robert Weis Äerch aféiere wäerten. Am Uschloss un den Trëppeltour vun ongeféier eng Stonn, invitéiere mir iech op e Brunch mat lokale Produiten an der Natur vun der Biosphärereserve.
Déi geopoetesch Erklärunge wärend dem Spadséiergang sinn op Englesch. D’Unzuel vun de Participanten ass begrenzt an all Schutzmesuren am Zesummenhang mat der aktueller sanitärer Situatioun ginn, zu all Ablack, respektéiert.
Umelle kënnt där äerch andeems där dëse Formulaire ausfëllt.
Erlieft e geopoetesche Sonnenënnergang

Photo by Darwis Alwan, Source: www.pexels.com
D’Kärzon „Léiffrächen“ vun der Minett UNESCO Biosphere bestécht duerch hir Landschaft an hiren natierleche Räichtum.
En Dënschdeg, de 27. Juli um 19:30, proposéiere mär Äerch d’Geleeënheet an dësem eenzegaartegen Ëmfeld d’Geopoetik z’entdecken. Loosst iech dës wëssenschaftlech-literaresch Disziplin vum italieeneschen Auteur Davide Sapienza an dem Lëtzebuerger Geolog Robert Weis erklären a genéisst an engem de Sonnenënnergang an der Kuliss vun der Léiffrächen.
Déi geopoetesch Wanderung dauert e bësse méi ewéi eng Stonn a gëtt ofgeschloss mat enger Diskussioun iwwert d’Impressiounen, déi ee sammele konnt, bei engem gudde Pättchen.
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun sinn d’Plazen, fir dëse „Geopoetic Sunset Walk“, deen op Englesch ass, limitéiert. D’Participatioun ass gratis.
Umellen kënnt där äerch iwwert dëse Formulaire.