📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Dobaussen entdecken, fuerschen a léieren

De 27. Oktober 2026 gouf de Bësch am Ellergronn zu Esch-Uelzecht zum Léierraum: Méi wéi 30 Enseignanten aus de Cyclen 1 bis 4 hunn un enger interaktiver „Marche pédagogique“ deelgeholl. Organiséiert gouf d’Formatioun an Zesummenaarbecht mam FuDo – Fuerschen dobaussen Team (SCRIPT), der Naturverwaltung (ANF) an der Minett UNESCO Biosphere.

De Bësch als Plaz fir ze léieren

Siwe Statiounen, dorënner e SciDos-Atelier fir de Cycle 1, hunn Iddie fir den Unterrecht dobausse gebueden. Um Programm stoungen ënner anerem Fossilien, Waasser, Kodéiere mat Naturmaterialien an en Escape Game. D’FuDo-Aktivitéiten hunn zum geneeën Hikucken an Ausprobéieren agelueden: Wéi gesäit Moos aus? Wat schwëmmt a wat net? A wéi kann ee mat Naturmaterialie kodéieren? Esou Froen hunn de Lien tëscht konkreten Entdeckungen a verschiddene Schoulfächer gewisen.

Fotorätselen a Sammelaufgaben hunn de Parcours ergänzt. Mam Handout konnten d’Participanten no bestëmmte Plaze sichen an hir Positioun op der Kaart markéieren. Och d’Weeër tëscht de Statioune goufen esou zu Entdeckungsmomenter. D’Formatioun huet Geleeënheet gebueden, praktesch Aktivitéiten auszeprobéieren, Iddien auszetauschen an iwwer d’Erausfuerderunge vum Léieren dobaussen ze diskutéieren.

© Minett UNESCO Biosphere

FuDo: D’Virwëtz vun de Kanner als Ausgangspunkt

FuDo – Fuerschen Dobaussen ass eng Initiativ vum SCRIPT, déi 2020 als Pilotprojet gestart ass. Si ënnerstëtzt Enseignanten dobäi, Léierplazen am Ëmfeld vun de Schoulen ze notzen an d’Fuerschen dobaussen an den Unterrecht anzebannen. Am Mëttelpunkt steet de Virwëtz vun de Kanner: Si stellen Hypotheesen op, iwwerpréiwen an dokumentéieren se a presentéieren an diskutéieren hir Resultater. D’Enseignante begleeden dëse Prozess.

Fir d’Cyclen 2 bis 4 bitt FuDo Material an dräi Formater: FuDo Fro, FuDo Wee a FuDo Thema – vun enger eenzeler Fuerschungsfro bis zu méi laangen, fächeriwwergräifende Projeten. Fir de Cycle 1 féieren d’SciDos déi Jonk un d’Observéieren, Vergläichen a Moossen erun. D’Marche am Ellergronn huet dës Approche mat konkrete Beispiller erliefbar gemaach.

Méi iwwer d’Initiativ: FuDo – Fuerschen Dobaussen.