E Biosphärereservat ass kee rengen Naturpark. Et ass eng lieweg Modellregioun, an deem Mënschen, Natur, Fuerschung, Bildung an nohalteg Entwécklung zesummekommen.
En Territoire, an deem Mënsch an Natur zesumme geduecht ginn
Wann een d’Wuert „Biosphär“ héiert, denkt een dacks als éischt un onberéiert Natur, Bëscher, seelen Aarten oder geschützte Landschaften. En UNESCO-Biosphärereservat ass awer vill méi wéi e klassescht Schutzgebitt. Et ass en Territoire, an deem d’Relatioun tëscht dem Mënsch an der Ëmwelt bewosst gestalt, erfuerscht a weiderentwéckelt gëtt.
D’Grondiddi ass gläichzäiteg einfach an ambitiéis: D’Natur soll geschützt ginn, ouni de Mënsch aus der Landschaft auszeschléissen. Am Géigendeel. Biosphärereservater weisen, wéi Gemengen, Awunnerinnen an Awunner, Wëssenschaft, Bildung, Ekonomie a Politik zesumme Léisunge kënnen entwéckelen, fir Biodiversitéit, Liewensqualitéit an nohalteg Entwécklung mateneen ze verbannen. D’UNESCO beschreift Biosphärereservater dofir als „living laboratories for sustainable development“, also als Léier- an Experimentéierplaze fir nohalteg Entwécklung.
Fir d’Minett UNESCO Biosphere ass dësen Usaz besonnesch passend. De Süde vu Lëtzebuerg ass keng „wëll“ Naturlandschaft am klassesche Sënn, mee eng dicht bewunnt, kulturell divers an industriell gepräägte Regioun. Genee dofir ass si e passend Beispill, fir ze weisen, wéi Natur an eng vum Mënsch gepräägte Landschaft zeréckkomme kann, a wéi en alen Industrieraum zu engem Modellterritoire fir nohalteg regional Entwécklung ka ginn.
![]() |
D’Entstoe vun der Iddi: de MAB-Programm vun der UNESCO
D’Iddi vun de Biosphärereservater ass am Kader vum Programm Man and the Biosphere, kuerz MAB, vun der UNESCO entstanen. Dëse Programm gouf 1971 an d’Liewe geruff an huet als Zil, eng wëssenschaftlech Basis fir eng besser Relatioun tëscht de Mënschen an hirer Ëmwelt ze schafen. Hie verbënnt Naturwëssenschaften, Sozialwëssenschaften, Ekonomie a Bildung, fir d’Liewensbedingungen ze verbesseren a gläichzäiteg natierlech an duerch de Mënsch genotzten Ökosystemer ze schützen.
Fir déi Zäit war dat en immens modernen Usaz. Naturschutz gouf net méi nëmmen als Ofgrenzung oder Trennung verstanen, mee als Deel vun enger méi breeder gesellschaftlecher Entwécklung. De Programm stellt net nëmmen d’Fro: „Wéi schütze mir d’Natur?“, mee och: „Wéi kënnen d’Mënschen an engem Territoire liewen, schaffen, produzéieren, léieren a plangen, ouni déi natierlech Ressourcen ze gefäerden?“
Haut ass de MAB-Programm ee vun de wichtegsten internationalen Instrumenter, fir lokal Erfarunge mat globalen Erausfuerderungen ze verbannen. Klimawandel, Verloscht u Biodiversitéit, Urbaniséierung, Energieverbrauch, nohaltegen Tourismus, Ëmweltbildung a regional Identitéit si Sujeten, déi an de Biosphärereservater ganz konkret kënne behandelt ginn.
Vum Konzept zum konkrete Gebitt
E Biosphärereservat gëtt net einfach „vu baussen“ festgeluecht. Et gëtt vun engem Staat proposéiert, bleift ënner der Souveränitéit vum jeeweilege Land a gëtt am Kader vum MAB-Programm international unerkannt. D’Benennung geschitt duerch d’UNESCO op Basis vun den Entscheedunge vum internationale Koordinatiounsrot vum MAB-Programm.
Wichteg ass: E Biosphärereservat ass kee fixe Label. Seng Funktiounsweis gëtt reegelméisseg iwwerpréift. D’UNESCO gesäit all zéng Joer eng periodesch Evaluatioun vir. Dobäi ginn ënner anerem d’Funktiounsweis vum Territoire, d’Zonéierung, d’Abanne vun der Bevëlkerung an d’Relevanz vun den definéierten Ziler analyséiert.
E Biosphärereservat ass also ëmmer och e Prozess. Et geet net nëmmen drëm, e Status ze kréien, mee drëm, dëse Status duerch konkret Projeten, Partnerschaften, Fuerschung, Bildung a Biergerbedeelegung mat Liewen ze fëllen.
Déi dräi Haaptmissioune vun engem Biosphärereservat
Biosphärereservater erfëllen dräi zentral Funktiounen. Dës dräi Missioune bilden, souzesoen, d’Fundament vum ganze Konzept.
Dës Grafik ass mat Hëllef vu KI entstanen
1. Schutz vun der Biodiversitéit a vun der kultureller Diversitéit
E Biosphärereservat dréit dozou bäi, Landschaften, Ökosystemer, Aarten a genetesch Diversitéit ze erhalen. Si schützt awer net nëmmen d’„Natur“ am enke Sënn. Och kulturell Diversitéit, lokal Geschicht, Wëssen, Traditiounen a regional Identitéit spillen eng wichteg Roll. Besonnesch a Kulturlandschafte wéi dem Minett sinn Naturierwen a Kulturierwen enk matenee verbonnen.
2. Nohalteg wirtschaftlech a sozial Entwécklung
Biosphärereservater solle weisen, datt Entwécklung méiglech ass, ouni déi natierlech Liewensgrondlagen ze zerstéieren. Et geet ëm Forme vun Ekonomie, Tourismus, Mobilitéit, Landwirtschaft, Stadentwécklung oder Fräizäitnotzung, déi sozial, kulturell an ekologesch drobar sinn. De Mënsch steet also net baussent dem System, mee ass vollwäertegen Deel dovun.
3. Fuerschung, Bildung an Austausch vu Wëssen
Déi drëtt Funktioun gëtt dacks als „logistesch Ënnerstëtzung“ bezeechent. Gemengt sinn domat Fuerschung, Monitoring, Ëmweltbildung, Formatioun, Sensibiliséierung an den Austausch vu Wëssen. Biosphärereservater solle Plaze sinn, wou Mënsche léieren, wéi nohalteg Entwécklung an der Praxis funktionéiere kann.
Dës dräi Funktioune sinn och an der Minett UNESCO Biosphere ze gesinn. Si fërdert de Schutz vun der Biodiversitéit an nohalteg Entwécklung duerch Biergerbedeelegung, Bildung a Fuerschung. Lokal ginn dës Missiounen an de Beräicher Naturschutz, nohalteg Entwécklung, Bildung, Fuerschung a Monitoring ëmgesat.
D’Zonéierung: Kärzonen, Pufferzonen an Iwwergangsberäicher
Eng vun de wesentleche Charakteristike vun all Biosphärereservat ass seng Zonéierung. Fir verschidde Funktiounen zur selwechter Zäit kënnen ze erfëllen, gëtt den Territoire an dräi matenee verbonnen Zone gegliddert.
D’Kärzonen si besonnesch geschützte Beräicher. Si déngen an éischter Linn der Erhale vu Liewensraim, Aarten an ekologesche Funktiounen. An dëse Beräicher stinn Naturschutz, Fuerschung a Monitoring am Mëttelpunkt. Aktivitéite sinn hei staark limitéiert, fir sensibel Ökosystemer ze schützen.
D’Pufferzonen ëmginn oder ergänzen d’Kärzonen. An dësen Zone kënnen Aktivitéite stattfannen, wann se mat den Naturschutzziler vereinbar sinn. Dozou kënnen Ëmweltbildung, Fuerschung, naturno Notzung oder bestëmmte Forme vun nohaltege Fräizäitaktivitéite gehéieren. D’Pufferzonen hëllefen, d’Kärzonen virun negativen Aflëss ze schützen.
D’Iwwergangsberäicher sinn déi Deeler vum Biosphärereservat, an deenen d’Mënsche wunnen, schaffen, sech beweegen, Entreprisë bedreiwen, an d’Schoul ginn oder hir Fräizäit verbréngen. Hei geet et drëm, nohalteg Forme vun Entwécklung ze fërderen. Dës Zon weist besonnesch kloer, datt Biosphärereservater keng Insele sinn, déi vum Alldag getrennt sinn, mee bewunnt a genotzt Landschaften.
Dës Grafik ass mat Hëllef vu KI entstanen
An der Minett UNESCO Biosphere ass dës Zonéierung enk mat der Geschicht vun der Regioun verbonnen. D’Kärzonen ëmfaasse fréier Dagebaugebidder, déi haut als Naturschutzgebidder oder Natura 2000-Zone klasséiert sinn. D’Pufferzone sollen negativ Auswierkunge vu mënschlechen Aktivitéiten op d’Kärzone reduzéieren. Den Iwwergangsberäich ëmfaasst déi aner Flächen, an deenen d’Mënsche liewen a schaffen.
Firwat Biosphärereservater haut méi wichteg si wéi jee
Biosphärereservater droen zu grousse globalen Ziler bäi, mee si maachen dat op lokalem Niveau. Si verbannen international Strategië mat konkrete Landschaften, Gemengen a Projeten um Terrain. Genee doranner läit hir Stäerkt.
Si hëllefen, Biodiversitéit ze schützen, ekologesch Zesummenhäng siichtbar ze maachen, Bildung fir nohalteg Entwécklung ze fërderen an d’Regiounen dobäi z’ënnerstëtzen, hir Zukunft bewosst ze gestalten. Gläichzäiteg bidden si eng Plattform fir Kooperatioun. Am World Network of Biosphere Reserves ginn Erfarungen, Wëssen a gutt Praktiken tëscht de Regiounen ausgetosch. Dëst Netzwierk fërdert international Zesummenaarbecht, Den Opbau vu Kapazitéitenan d’Weidergi vu bewäerte Praktiken.
Am Joer 2026 ëmfaasst dat weltwäit MAB-Netzwierk, no der Benennung vu 14 neie Biosphärereservater, am Ganze 797 Gebidder an 145 Länner. Zesumme bedecken dës Territoiren ongeféier 7,5 Millioune Quadratkilometer. Méi wéi fënnef Prozent vun der terrestrescher Äerduewerfläch si soumat Deel vum Netzwierk, an e groussen Deel vun dëse Gebidder iwwerschneit sech mat wichtege Biodiversitéitsraim.
Dës Zuele weisen: Biosphärereservater sinn zanter laangem keen Nischenthema méi. Si bilden e weltwäit Netzwierk vu Modellterritoiren, déi Äntwerten op eng zentral Fro vun eiser Zäit sichen: Wéi kënne mir gutt liewen, ouni déi natierlech Grondlage vun eisem Liewen a Gefor ze bréngen?
Ee Biosphärereservat zu Lëtzebuerg: déi besonnesch Roll vum Minett
Mat der Minett UNESCO Biosphere ass Lëtzebuerg Deel vun dësem weltwäiten Netzwierk. D’Regioun gouf den 28. Oktober 2020 als Biosphärereservat unerkannt an ass dat éischt Biosphärereservat vum Land.
Den Territoire am Süde vu Lëtzebuerg ëmfaasst ronn en Zéngtel vum Land a läit an enger Regioun, déi duerch den Ofbau vun Eisenäerz, d’Stolindustrie, d’Migratioun, d’Urbaniséierung a kulturell Diversitéit gepräägt gouf. Gläichzäiteg fënnt een heiwichteg Naturräim, fréier Dagebaulandschaften, Bëscher, dréche Wisegebidder, Fiichtgebidder, Fielsformatiounen an e Reseau vu Galerien a Minnen, deen ënner anerem fir Flantermais vu grousser Bedeitung ass.
![]() |
D’Minett UNESCO Biosphere ass dofir net nëmmen e Schutzgebitt, mee och eng Plaz fir ze léieren. Hei kann ee gesinn, wéi d’Natur op fréier industriell genotzte Flächen zeréckkënnt, wéi Biodiversitéit an der Géigend vun dicht bewunnte Raim erhale ka ginn, a wéi regional Entwécklung, Industriekultur, Fuerschung, Bildung a Biergerbedeelegung matenee verbonne kënne ginn.
Zur Minett UNESCO Biosphere gehéieren déi eelef PRO-SUD-Membergemengen: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Suessem a Schëffleng. D’Gestioun an d’Entwécklung vun der Biosphär sinn domat och en interkommunale Projet, deen d’Zukunft vum Süde vu Lëtzebuerg gemeinsam denkt.
Fannt hei méi Informationen iwwert d’Käzone vun der Minett UNESCO Biosphere.
E Versprieche fir d’Zukunft
En UNESCO-Biosphärereservat ass kee Musée vun der Natur. Si ass e Verspriechen: d’Verspriechen, den eegenen Territoire bewosst weiderzeentwéckelen. Et invitéiert dozou, Landschaften net nëmmen als Flächen ze gesinn, mee als Liewensraim, Erënnerungsraim, Léierplazen an Zukunftsterritoiren.
Fir d’Minett UNESCO Biosphere bedeit dat, datt d’Geschicht vum roude Buedem, vun de Minnen, vun der Industrie an der Immigratioun net op d’Säit geluecht gëtt. Si gëtt als integralen Deel vun enger lieweger Landschaft verstanen, an där Natur a Gesellschaft zesummen nei Perspektiven opmaachen.
D’Biosphär weist, datt nohalteg Entwécklung keng abstrakt Iddi muss bleiwen. Si fänkt um Terrain un: an de Gemengen, an de Schoulen, a Fuerschungsprojeten, op Wanderweeër, a fréieren Dagebaugebidder, a Kulturinitiativen, a politeschen Entscheedungen an am Alldag vun den Awunnerinnen an Awunner.
Genee dofir ass d’Minett UNESCO Biosphere vill méi wéi en internationale Label. Si ass e gemeinsame regionale Projet. An si weist, datt eng vum Mënsch gepräägte Landschaft och eng Plaz ka sinn, wou Zukunft entsteet.




