📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Minett Mash-Up Episod 51: Mat Nikki Ninja a Pol Belardi um Lallengerbierg

D’Story hannert „Minettsdapp“

Fir dësen Episod vum Minett Mash-Up geet et eraus op de Lallengerbierg, eng markant Plaz an der Minett UNESCO Biosphere, wou Natur, Industriegeschicht a kreativ Inspiratioun openeentreffen. An dësem Episod empfänkt de Podcast zwee musikalesch Gäscht: D’Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Pol Belardi.

Am Mëttelpunkt steet hiert gemeinsaamt Lidd “Minettsdapp”, dat extra fir d’Minett UNESCO Biosphere geschriwwen an opgeholl gouf. De Song verbënnt Rap, regional Identitéit, industriellt Ierwen an d’Klanglandschaft vum Minett zu engem musikalesche Portrait vun eiser Regioun.

D’Episod geet der Fro no, wéi eng Landschaft, déi laang duerch Aarbecht an Äerzofbau markéiert war a sech duerno nei erschaf huet, haut nei erzielt, nei belauschtert an nei besongen ka ginn.

Eis “Minett Location” vum Mount: De Lallengerbierg

D’“Minett Location” vun dësem Mount ass de Lallengerbierg, eng Plaz, déi staark mat der Geschicht vum Minett verbonnen ass. Haut ass dëst Gebitt net nëmme wéinst sengem industrielle Patrimoine interessant, mee och wéinst senger ekologescher Bedeitung.

De Lallengerbierg ass eng vun de Kärzone vun der Minett Biosphär an e wichtege Liewensraum fir rar Déieren- a Planzenaarten. Am Podcast spillt besonnesch d’Bëschléierchen eng Roll: e klenge Zuchvull, deen de Summer hei verbréngt an um Buedem bréit.

Gläichzäiteg ass de Lallengerbierg eng Plaz, déi vill erzielt: vu fréierer Biergaarbecht, vu vum Mënsch geformte Landschaften, mee och vun neier Natur, Rou a Kreativitéit. Genee dës Mëschung mécht de Site zu enger idealer Kuliss fir en Episod, an deem et ëm Musek, Erënnerung a regional Identitéit geet.

Eis Gäscht: Nikki Ninja a Pol Belardi

An dësem Episod sinn direkt zwee Gäscht dobäi: D’Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Museker Pol Belardi.

Nikki Ninja ass e musikalesche Projet, mat deem d’Nicole Bausch Rap fir Kanner mécht. Mat hire lëtzebuergeschen Texter bréngt si Themen no un e jonke Public a weist, datt Rap och spilleresch, pedagogesch a regional verankert ka sinn.

De Pol Belardi ass Museker, Jazzmuseker a Radiopresentateur. Fir de Song “Minettsdapp” huet hien d’Musek komponéiert an dobäi net nëmmen op musikalesch Traditiounen zeréckgegraff, mee och op Kläng, déi an de fréieren Dagebaugebidder vum Minett opgeholl goufen.

Zesumme schwätzen d’Gäscht doriwwer, wéi d’Lidd entstanen ass, wéi Schoulklassen aus dem Minett an de kreative Prozess agebonne goufen, a wéi ee mat Musek eng Regioun erkläert, ouni se ze vereinfachen.

Besonnesch spannend ass d’Verbindung tëscht “Minettsdapp” an dem Biergoarbechterlidd: engem historesche musikalesche Motiv, dat fir dëse Projet an eng méi modern Form iwwerdroe gouf. Sou gëtt aus engem traditionelle Bezuchspunkt eppes Neies, dat och fir Kanner an déi nächst Generatiounen zougänglech gëtt.

Am Gespréich geet et awer net nëmmen ëm Musek. Et geet och ëm d’Fro, wéi industriellt Ierwen haut nach eise Bléck op d’Regioun beaflosst, wéi Plazen aus der Aarbechtswelt zu Plaze vu Poesie kënne ginn, a wéi Kënschtlerinnen a Kënschtler dozou bäidroe kënnen, kollektiv Erënnerung weiderzeginn.

Eise Quiz

De Lallengerbierg ass eng vun de Kärzone vun der Minett Biosphär. Besonnesch wichteg ass dëst Schutzgebitt fir d’Bëschléierchen, d’alouette lulu. Dat ass e klenge Zuchvull, deen d’Summer hei verbréngt an deen um Buedem bréit. Et gëtt knapp 30 Koppelen an der Minett Biosphär. Wéi vill vun deene Koppelen hunn dann 2025 hei um Lallengerbierg gebréit?

  1. 11 *
  2. 17
  3. 23

 

Wat ass déi korrekt Fläch vun der Kärzon “Brucherbierg-Lallengerbierg” an der Minett UNESCO Biosphere?

  1. 112 Hektar
  2. 267 Hektar
  3. 282 Hektar*

 

Wéini ass den Äerzofbau um Lallengerbierg op en Enn gaangen?

  1. An de 50er Jore
  2. Ufanks de  60er Joren
  3. Enn vun de 70er Joren*

 

© Minett UNESCO Biosphere

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Minett UNESCO Biosphere – Offiziell Websäit vun der Minett UNESCO Biosphere.
  • D’Lidd “Minettsdapp” – Titel vum Nikki Ninja an dem Pol Belardi, deen extra fir d’Minett Biosphere entstanen ass
  • Nikki Ninja – Musikalesche Projet vum Nicole Bausch mat deem Hip-Hop fir Kanner entsteet
  • Nicool – Dem Nicole Bausch säi Kënschtlernumm, wann hatt Hip-Hop fir jidderee mécht
  • Pol Belardi – Lëtzebuerger Jazzmuseker a Radiospresentateur beim Radio 100,7
  • Lallengerbierg – Weider Informatiounen iwwer dës Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere an hir Bedeitung fir Natur a Patrimoine.
  • Famil – Associatioun, déi sech fir Museker a Performer zu Lëtzebuerg asetzt
  • Biergoarbechterlidd – Dat offiziellt lëtzebuergescht Lidd vun de Biergaarbechter vum E. Kauth. Et erënnert un d‘Mineuren am Minett an erzielt iwwer hiren Alldag an der Grouf.
  • „Le gant du pied“ – Film iwwert d’Schungfabrik zu Téiteng mat Musek vum Pol Belardi
  • Jazz en Sol Mineur – Jazzfestival zu Hussigny-Godbrange just hannert der Grenz mat Déifferdeng
  • Aciérophonie – Kompositioun vum Lëtzebuerger Museker Albert Marinov
  • Bëschléierchen – Zuchvull, dee virun allem an de fréieren Dagebaugebidder vum Minett doheem ass

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1