📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Doris Thilmany X Musée de l’Ardoise

Schifer, Aarbecht an Erënnerung

D’Geschicht vun der Aarbecht ënner Dag féiert dës Saison vum Minett Mash-Up net nëmmen an d’fréier Eisenäerzminnen am Süde vum Land. Och am Éislek gouf ënnerierdesch geschafft – an dat an engem Ëmfeld, dat op seng ganz eege Manéier zur Lëtzebuerger Industriegeschicht gehéiert. An dësem Episod geet et ëm d’Leekëpperten, ëm de Schifer, ëm d’Liewen an d’Aarbecht zu Maartel an ëm eng Plaz, wou dëst Ierwen haut nach konkret erliefbar ass.

Eis „Minett Location“ vum Mount: Musée de l’Ardoise zu Maartel

Dës Kéier verléisst de Minett Mash-Up fir eng “Vakanz” den industrielle Süde vum Land a mécht Statioun um Site vum Musée de l’Ardoise zu Uewer-Maartel. Et ass eng aussergewéinlech Plaz: eng bal komplett erhalen Industrieanlag, wou ee gesäit, wéi de Schifer ofgebaut, verschafft a fir de Bau benotzt gouf. Hei gëtt d’Geschicht net nëmme mat Ausstellungsstécker erzielt; si ass an de Gebaier, an de Galerien, an de Maschinnen an an der Atmosphär vum Site nach ze spieren.

De Site weist, wéi villfälteg d’Aarbecht ronderëm d’Lee war: vum Ofbau ënner Dag iwwer d’Veraarbechtung bis bei déi sozial Realitéit vun de Leit, déi hei geschafft a gelieft hunn. D’Leekëpperten hu mat Fiichtegkeet, Keelt, Stëbs a kierperlech schwéierer Aarbecht gelieft – an awer ass aus dëser haarder Aarbechtswelt eng staark lokal Identitéit entstanen.

Genee esou Detailer maachen de Musée de l’Ardoise zu méi wéi enger Kuliss fir e Podcast: et ass eng Entrée an eng industriell Vergaangenheet, déi sech mat där vum Minett vergläiche léisst, ouni mat hir identesch ze sinn. Wéi an de Minnen am Süde geet et och hei ëm Aarbecht, Technik, Stolz, Gefor, Solidaritéit an d’Fro, wéi een esou e Patrimoine fir déi nächst Generatioune lieweg hale kann.

Eise Gaascht: Doris Thilmany

Eise Gaascht an dësem Episod ass d’Doris Thilmany, d’Directrice vum Musée de l’Ardoise. Mat hir schwätze mir doriwwer, wat de Site zu Maartel esou besonnesch mécht, wéi d’Leeproduktioun hei funktionéiert huet a wéi sech d’Plaz no der industrieller Aktivitéit an e Musée verwandelt huet.

D’Gespréich geet awer net nëmmen ëm Gebaier a Maschinnen. Et geet virun allem ëm d’Mënschen, déi hei geschafft hunn: ëm hir Aarbechtskonditiounen, ëm d’Entwécklung vun der Technik, ëm d’Fro vun der Sécherheet, ëm sozial Versécherungen a Betribskrankekeessen, mee och ëm déi laangfristeg gesondheetlech Risiken, déi mat enger Aarbecht ënner Dag verbonne waren.

Dofir geet et am Gespréich och ëm d’Fro, wéi een esou eng Geschicht haut erzielt, ouni hir Authentizitéit ze verléieren. Wéi gëtt engem industrielle Site iwwer an ënner dem Buedem nees Liewen agehaucht? Wéi erzielt een de Jonken eng Aarbechtswelt, déi si selwer net méi kannt hunn? A wéi kann e Musée dozou bäidroen, datt Industriekultur net nëmmen erhalen, mee och verstane gëtt?

En anere wichtege Sujet vum Episod ass d’Kandidatur vum Schifermusée als UNESCO-Weltkulturierwen. Sollt dës Kandidatur Succès hunn, wier de Site zu Maartel den zweeten UNESCO-Welterbe-Site zu Lëtzebuerg no der Alstad an der Festung vu Lëtzebuerg. Am Podcast erkläert d’Doris Thilmany, wéi esou eng Kandidatur opgebaut gëtt, wéi eng Partner dorunner bedeelegt sinn a firwat et dobäi net nëmmen ëm e Label geet, mee ëm d’Unerkennung vun engem eenzegaartege kulturellen an industrielle Patrimoine.

 

© Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz:

An wéi enger geologescher Ära ass de Schifer am Éislek entstanen?

  1. Quartär (viru ronn 2 Millioune Joer)
  2. Jura (viru ronn 150 Millioune Joer)
  3. Devon (viru ronn 400 Millioune Joer)*

 

Wéini gouf zu Maartel déi alleréischt offiziell Betribskrankekeess fir d’Aarbechter gegrënnt?

  1. 12 Dezember 1901
  2. 4 Oktober 1902*
  3. 2 Februar 1903

 

Wann d’Kandidatur vum Schifermusée als UNESCO Weltkulturierwen ugeholl gëtt, da wier et no der Alstad an der Festung Lëtzebuerg, deen zweeten UNESCO Heritage Site am Land. Ma wéini ass d’Stad zum UNESCO-Site ginn?

  1. 1963
  2. 1989
  3. 1994*

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1