🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Ënnerwee am Fond-de-Gras

2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut.

An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dëst klengt Dall ee vun den Zentre vum Eisenäerz-Ofbau; 1955 huet déi lescht Galerie zougemaach, an tëscht 1974 an 1978 gouf am Dall nach eng Kéier am Dagebau Minett ofgebaut. Haut gehéiert de Fond-de-Gras zesumme mat Lasauvage zum Minett Park – an doheem sinn och direkt zwee Veräiner, déi historescht Material restauréieren a fir de Public erliefbar maachen: Train1900 an d’Minièresbunn Doihl.

Eis Gäscht: Robyn Wehles, Charel Kugeler & Joël Miltgen

Mir starten dësen Episod mam Robyn Wehles, der Directrice vum Minett Park. Fir d’Gespréich souze mir an der Épicerie Victor Binck, déi Enn vun den 1980er aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert ass.

Fir an de Fond-de-Gras ze komme gëtt et am Summer d’Méiglechkeet mam Zuch ze fueren, dat ass awer net egal wéi een Zuch, mä den Train 1900.  De Charel Kugeler, e passionéierte Member vum Train1900 verréit eis méi iwwert d’ASBL, déi d’Zuchstreck bedreift a fänkt ganz vir an der Geschicht vum Veräin un, dee schonn zënter 1970er aktiv ass.

Um Schluss geet et dann nach aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage. Duerfir geet et an den Doihl, d’Minière duerch déi d’Minièresbunn fiert, de Joel Miltgen, President vun der ASBL erkläert wéi an den 1990er déi verloosse Minière nees a Betrib geholl gouf, fir mam Zuch kënnen doduerch ze fueren.

Highlights & Rendez-vousen am Fond-de-Gras

De Fond-de-Gras ass awer net nëmme Geschicht – de Summer duerch gëtt e volle Programm am Minett Park. Sonndes an op Feierdeeg sinn den Train 1900 an d’Minièresbunn am Asaz. Et gëtt awer och eng Rei grouss Manifestatiounen am Fond-de-Gras, déi der Wäert sinn se mat z’erliewen. De 5. Juni ass owes de Night Train ënnerwee. Den 11. Juli ass den traditionellen „Blues Express“ a fir de Schluss vun der Saison invitéiert de Minett Park um leschte Weekend vum September op den Anno 1900, hire grousse Steampunk-Festival.

© Pulsa Pictures/VisitMinett & Minett UNESCO Biosphere

Linke bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Minett Park Fond-de-Gras – offiziell Homepage vum Open Air Musée
  • Erklärung, wou den Numm vum Fonds-de-Gras hierkënnt (Säiten 9-12)
  • Épicerie Victor Binck – Historesch Epicerie, déi aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Grad geplënnert gouf
  • Lasauvage – Historescht Mineursduerf an engem klengen Dall un der franséisch-lëtzebuerger Grenz
  • Tëtelbierg – Kopp op där am 1. Joerhonnert viru Christus e wichtege kelteschen Oppidum entstanen ass
  • Treverer – keltesche Stamm, deen um Gebitt vu Lëtzebuerg doheem war
  • Brasserie „Bei der Giedel“ – Restaurant am Fond-de-Gras, deen 1881 seng Dieren opgemaach huet
  • Hall Paul Wurth – Elektrizitéitszentral vun der Firma Paul Wurth, déi aus der Stad an de Fond-de-Gras transferéiert gouf
  • Train de Laminoir – Walzstrooss, déi bis 1989 op de Schmelz um Belval am Asaz war
  • Train1900 – Homepage vun der Asbl mat all den Detailer iwwert de Veräin, hiert Material an hir Manifestatiounen
  • Schinnebus vum Train1900 – Artikel iwwert d’Arrivée vun der Maschinn am Fond-de-Gras
  • Streck vum Train1900 – Detailléiert Beschreiwung vum Streckeverlaf vum Train1900
  • Minièresbunn Doihl – Asbl, déi mat ale Minièresbunne vum Fonds-de-Gras duerch eng Galerie op Lasauvage a vun do virun op Saulnes (F) fiert
  • Blues Express – grousse Museksfestival am Fond-de-Gras an zu Lasauvage. 
  • Anno1900 Steam Punk Convention – grousse Festival am Fond-de-Gras deen all Joer um leschte Weekend am September ass
  • Blog vum Minett Park Fond-de-Gras – Vill nëtzlech Informatiounen zu allem, wat een am Minett Park entdecke kann

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1