🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat kennen ze léieren
arrow
image
Natur & Wëssenschaft

Op de Spuere vum Eisen aus dem Zäitalter vum Jura

De geologesche Circuit „Giele Botter“

Datum(er)

25/04/2026 09:59 - 12:30

Atelier fir jidderee vum Naturmusée Lëtzebuerg

D’Minett-Eisenäerz steet um Ufank vun der industrieller Entwécklung vu Lëtzebuerg. Déi fréier Dagebaugebidder sinn haut Hotspots vun der Biodiversitéit, droen awer nach ëmmer d'Spuere vun hirer geologescher Vergaangenheet.

Gitt mat op Entdeckungsrees duerch déi al Geschicht vum Minett an duerch déi fréier Ökosystemer vun der Jurazäit, an där d’Eisenäerz viru 175 Millioune Joer entstanen ass.

Guide: Robert Weis. De Robert Weis ass wëssenschaftlechen Assistent a responsabel fir d’paleontologesch Sammlungen am Naturmusée. Hien huet d’Ëmsetzung vum neie geologesche Circuit am Giele Botter koordinéiert a ass och Co-Auteur vu verschidde Bicher iwwer d’Geologie vum Minett.

Sprooch vun der Visitt: Lëtzebuergesch

Alter: Recommandéiert ab 14 Joer

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 46 22 33-1

E-mail: musee-info@mnhn.lu

Internet: https://mnhn.public.lu/fr.html

Gratis Participatioun no Umeldung

Klickt hei, fir Iech unzemellen!

Organisateur

Musée National d'Histoire Naturelle Luxembourg, Minett Park Fonds-de-Gras

Partager