🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat kennen ze léieren
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Jan Herr X Léiffrächen

Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder

De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat.

Eis “Minett-Location” vum Mount: Léiffrächen

Fir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng vun de 6 Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere a gläichzäiteg eng Plaz, wou eist natierlecht an industriellt Ierwen op eng ganz speziell Aart zesummekommen.

Am Podcast schwätze mir doriwwer, firwat grad d’Léiffrächen als Kärzon esou spannend ass: Als fréiert Minièresgebitt weist si, wéi post-industriell Landschaften zu wichtege Refugë fir Fauna a Flora kënne ginn. Gläichzäiteg stellt sech hei ganz konkret d’Fro, wéi een Naturschutz, Zougang fir de Public an d’Erhale vun der industrieller Erënnerung ënnert een Hutt kritt.

Eise Gaascht: Jan Herr

Eise Gaascht ass de Jan Herr, Biolog bei der Naturverwaltung an Animateur vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebausgebidder. Mat him kucke mir, an dësem Episod vum Minett Mash-Up, hannert d’Kulissen: Wat heescht et, esou Gebidder am Alldag ze geréieren? A wéi gesäit ee Gestiounsplang fir en Naturschutzgebitt iwwerhaapt aus?

Am Gespréich geet et och ëm dës Punkten:

  • Wat un der Léiffrächen anescht ass ewéi op anere Kärzonen
  • Wéi eng Elementer vun der Biodiversitéit hei besonnesch wichteg sinn – och am Kontext vum Natura 2000-Programm vun der EU.
  • Ob d’Renaturéierung vun ale Minnièressitten aus biologescher Siicht e Succès ass, a firwat een an “post-industrielle” Landschaften heiansdo vun enger spezifescher Biodiversitéit schwätze kann.
  • Firwat et heiansdo ausgesäit, wéi wann eng Fläch “mat engem Bagger duerchgeplout” wier – a firwat et fir de Naturschutz trotzdeem (oder grad dofir) wichteg ka sinn, reegelméisseg ze intervenéieren.
  • Wat déi gréissten Erausfuerderunge fir d’Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere an Zukunft sinn: Klimawandel, Siidlungsdrock, Liichtverschmotzung – oder nach eppes ganz anescht?

 

Als klengt Natur-Highlight kënnt natierlech och d’Bëschléierchen (alouette lulu) an dësem Episod vum Minett Mash-Up net ze kuerz: mir stellen se kuerz vir fir all déi, déi se nach net kennen an och eis “Minetter Schof”, déi Naturschützer mat véier Bee sinn, stelle mir am Gespréich mam Jan Herr vir.

Nieft de fachleche Froe gëtt et och eng méi perséinlech Säit: De Jan erzielt, wéi säi Wee ausgesinn huet, a mir schwätzen doriwwer, wéi een “ofschalt”, wann d’Natur gläichzäiteg Aarbechtsplaz ass.

Eise Quiz:

D’Léiffrächen ass als Kärzon e besonnesch wichtegen Deel vun der Minett UNESCO Biosphere. Wéi grouss ass d’Kärzon Léiffrächen?

  1. 112 ha
  2. 306 ha *
  3. 601 ha

 

D’„Léiffrächen“ zu Käl ass eng national Wallfaarts‑ a Gedenkstätte mat enger Maria-Statu, déi als zweet Patréinesch vun de Mineure veréiert gëtt an déi sech am Laf vun der Zäit zu engem wichtege Pilgeruert entwéckelt huet. Wéi al ass d’Wallfaart zur Léiffrächen zu Käl, no dokumentéierter Geschicht?

  1. Et huet am 20. Joerhonnert an den 1930er ugefaangen
  2. Et gëtt zréck bis op d’Mëtt vum 18. Joerhonnert *
  3. Et gouf am Joer 1901 no enger Kapellbrennung gestart

 

Wéi ee wichtegen edukative Projet am Minett huet als Zil Kanner an Erwuessener fir Ëmwelt a Biodiversitéit ze sensibiliséieren ?

  1. MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab*
  2. Kanneruniversitéit
  3. Minett Biosphär Festival

 

© Minett UNESCO Biosphere

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1