🌨️ Streesalzalternativen - Einfach Geste fir d'Natur 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat kennen ze léieren
arrow
quote quote

Zesummenaarbecht erméiglechen

Grenziwwerschreidend Reunioun zu Esch-Uelzecht

Den 19. Januar 2026 warzu Esch-Uelzecht eng Reunioun tëscht dräi groussen Acteuren vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht: de Gemengesyndikat PRO-SUD, den GECT Alzette-Belval an de Pôle Métropolitain Frontalier (PMF).

Dës Aarbechtssëtzung illustréiert d’Entwécklung vun der institutioneller Dynamik un der franséisch-lëtzebuergescher Grenz, wou et net méi nëmmen drëm geet, gemeinsam Erausfuerderungen z’identifizéieren, mee d’Wiesselbezéiungen tëscht den Territoiren besser ze verstoen.

Um Wee zu engem gemeinsame Vokabulaire

D’Diskussioun huet gewisen, wéi wichteg et ass, e nuancéierte Vokabulaire unzehuelen. Amplaz vu „gemeinsamen Erausfuerderungen” ze schwätzen, hunn d’Participanten proposéiert, a Begrëffer vu géigesäitegen Auswierkungen ze denken. D’Wunnengsfro illustréiert dës Nuance: zu Lëtzebuerg geet et ëm d’Disponibilitéit vu Wunnengen, wärend et a Frankräich méi ëm de Präisniveau geet. An der Reunioun gouf et e Konsens driwwer dëst gemeinsamt Verständnis ze stäerken.

Komplementar Kompetenzen

All Organisatioun spillt eng ënnerschiddlech Roll. Den GECT Alzette-Belval schafft komplett an der grenziwwerschreidender Kollaboratioun. De PRO-SUD huet e Mandat fir grenziwwerschreidend iwwert säi regionalen Territoire eraus ze handelen an de PMF funktionéiert als Iddielabo, mat als Haaptsujeten Aarbecht, Ausbildung oder Erzéiung, a kann als Member vun der Conférence Intergouvernementale d’Uleies vun de lokalen Politiker viruleeden.

Eng Visioun fir d’Bierger

D’Participante waren sech eens, wéi wichteg et ass, grenziwwerschreidend Problematiken gemeinsam an aus der Siicht vun de Bierger unzegoen, fir d’Kontinuitéit vun den Aktiounen onofhängeg vun de Walkampzyklen ze garantéieren.

Eleng d’Existenz vun dëse Plattforme fir den Austausch ass schonn e grousse Fortschrëtt. Eng nächst Reunioun an d’Ausschaffe vun engem éischte gemeinsame schrëftlechen Dokument wäerten déi nächst Etappe vun dëser Zesummenaarbecht sinn.

Méi iwwert de Sujet

Entdeckt déi komplett OECD-Analys iwwert d’Gouvernance an d’Erausfuerderunge vun de grenziwwerschreidende Regiounen:

Klickt hei fir den OECD-Rapport iwwert d’grenziwwerschreidend Liewensregiounen an Europa erofzelueden.