🌨️ Streesalzalternativen - Einfach Geste fir d'Natur ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken
arrow
quote quote

Minett Mash Up: Carlo Feiereisen X Lallengerbierg

Schëffleng, als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn.

Eis “Minett-Location” vum Mount: Lallengerbierg

Am 43. Episod vum Minett Mash-Up Podcast si mer op de Lallengerbierg geklotert, deen eis Location vum Mount ass. Dëst beléift Erhuelungsgebitt, wat 282 Hektar grouss ass, bitt net just eng fantastesch Vue, ass 282 Hektar grouss an ass en Doheem ronn 500 verschidde Päiperleksaarten. Et ass doriwwer eraus d‘Haaptsiidlungsgebitt vun der Bëschléierchen zu Lëtzebuerg. Verschidde Wanderweeër, wéi de Minett Trail oder den Auto-pédestre Schëffleng, maachen dës Plaz zu engem Highlight fir Naturfrënn an d’Awunner vun den Dierfer, déi um Fouss vum Lallengerbierg leien.

An dësem Episod gi mer op d’Wichtegkeet vum Lallengerbierg fir Schëffleng an, net nëmme wéinst senger natierlecher Schéinheet, mee och als Symbol fir d’Verbindung tëscht Natur an der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun. De Buergermeeschter Carlo Feiereisen gëtt och gefrot, firwat säi Choix fir d’Opnam op dës Plaz gefall ass a wat de Lallengerbierg him perséinlech bedeit.

Eise Gaascht: Carlo Feiereisen

Eise Gaascht an dësem Episod ass de Carlo Feiereisen, deen zënter Uganks August  Buergermeeschter vu Schëffleng ass. Am Interview schwätze mir iwwer seng nei Roll, déi hien no enger geplangter Transitioun vum fréiere Buergermeeschter Pol Weimerskirch iwwerholl huet. Hien erzielt, wéi hien sech an deene puer Méint zënter senger Ernennung an der neier Positioun erëmfonnt huet a wéi dës Transitioun, déi am Koalitionsaccord festgehale war, ofgelaf ass.

Nieft sengem Posten als Buergermeeschter ass de Carlo Feiereisen och Member am Verwaltungsrot vun der Agora an am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD. Am Podcast diskutéiere mat him iwwert seng Visioun fir Schëffleng bis 2029, spezifisch Häerzensprojeten, déi hie realiséiere wëll an de regionalen Developpement vum Lëtzebuerger Süden, virun allem wat de Reamenagement vun industrielle Frichen ugeet, a wéi Schëffleng seng industriell Vergaangenheet mat moderner Stadentwécklung verbënnt, um Beispill vum Projet Metzeschmelz.

Weider Themen an eisem Gespréich sinn seng berufflech Vergaangenheet als Infirmier Anästhesist, d’Internationalitéit vun der Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner, an Infrastrukturprojete wéi den internationale Lycée, dee geschwënn op Schëffleng kënnt. Mir schätzen och iwwer d’Symbolik vun der Schëfflenger Schmelz als Verbindung tëscht vergaangener Aarbecht an der Zukunft an de Carlo Feiereisen deelt och seng perséinlech Verbindung zum Industrie-Patrimoine mat eis.

© CNCI & Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz:

Fro A: An wéi engem Joer gouf d’Ofkommes iwwer d’Duerchféierung vun der Rekonversioun vum fréiere Stolwierk Esch-Schëffleng am Kader vun engem Stadentwécklungsprogramm ënnerschriwwen?

  1. 2018
  2. 2020*
  3. 2022

 

Fro B: Wéi vill Leit schaffen haut zu Schëffleng am Verglach mat der Zäit, wou d’Stolindustrie op hirem Héichpunkt war?

  1. Ongeféier déi selwecht Zuel – just an anere Beräicher
  2. Ronn d’Hallschent manner, nodeems d’Stolwierk zougemaach gouf
  3. Méi wéi jee – duerch Wuesstem an nei wirtschaftlech Aktivitéiten*

 

Fro C: Wéi vill Deeg (oder Nuechten) huet ee mussen, der Legend no, aus dem Marxeweier drénken, fir net als Jonggesell oder al Joffer ze stierwen?

  1. 5 Deeg
  2. 8 Deeg*
  3. 13 Deeg

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1