📌 Poste vacant: Coordinateur général 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Eng Rees duerch d’Zäit: D’Geodiversitéit vum „Giele Botter“ hautno erliewen

Am Süde vu Lëtzebuerg, an der Minett UNESCO Biosphere, verstoppt sech eng Landschaft, déi wéi kaum eng aner vun hirer industrieller Vergaangenheet gepräägt an aus geologescher Siicht extrem interessant ass.

 Iwwer ee Joerhonnert laang gouf an eiser Regioun dat, no senger roudelzeger Faarf benannten „Minett“-Eisenäerz ofgebaut. Et huet de Grondstee fir de Räichtum vum ganze Groussherzogtum geluecht. E Sonndeg, de 26. Oktober, war eng geologesch Excursioun am Kader vum UNESCO-Weltdag vun der Geodiversitéit ënnerwee bei déi faszinant Zeie vun dëser Ära an eng eenzegaarteg Verbindung aus Äerdgeschicht, Biergbau an Natur opgedeckt.

Vum Dagebau zum Naturreservat

D’Zil vum Workshop war dat fréiert Dagebaugebitt „Giele Botter“ bei Nidderkuer. Wou fréier riseg Maschinnen d’Gestengs ofgedroen an eng bal canyonaarteg Landschaft hannerlooss hunn, erstreckt sech haut e grousst Naturschutzgebitt. De Geologiesprofesser Jean-Frank Wagner, dee bis zu senger Pensioun op der Universitéit Tréier enseignéiert huet, huet eng Dosen interesséiert Participanten duerch d’Dagbaugebitt iwwert de geologesche Léierpad gefouert.

© Minett UNESCO Biosphere

Bei den eenzele Statioune vum Léierpad huet de Professer Wagner zousätzlech Informatiounen zum Entstoe vun der Minette ginn, erkläert, firwat et zu Lëtzebuerg méiglech war, dëse Buedemschatz am Dagebau ofzebauen, an unhand vun der industriell geschafener Terrasselandschaft déi verschidde geologesch Epoche gewisen, an deenen d’Eisenäerz-Oflagerung am Süde vu Lëtzebuerg stattfonnt huet.

D‘Ierwe vum Eisen

D’Excursioun duerch eent vun de fréieren Dagebaugebidder vum Minett war fir d’Participanten esou méi wéi nëmmen e geologeschen Ausfluch. Si hunn eng Zäitrees gemaach, déi si vun de flaache Mierer aus dem Jura, iwwer déi industriell Revolutioun bis bei déi modern Erausfuerderunge vun der Landnotzung an dem Naturschutz gefouert huet. Androcksvoll gouf dobäi gewisen, wéi enk d’Geschicht vun eisem Land mat de Schätz vu sengem Buedem verbonnen ass a wéi d’Landschaft an der Minett UNESCO Biosphere bis haut dovun erzielt.