De 17. September 2025 gouf de Comité de pilotage Natura 2000 (COPIL) „LIAS – Uelzechtdall“ vum Ëmweltminister Serge Wilmes ageweit.
Et ass den aachten a leschte Comité, deen zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff gëtt. Domat gëtt d’Gouvernance fir d’Gestioun vun den Natura 2000-Zonen, déi 28,07 % vum nationalen Territoire ofdecken, komplettéiert.
D’Zil vun dëse Comitéeën ass et, den Naturschutz a mënschlech Aktivitéite mateneen ze verbannen, andeems eng effizient Ëmsetzung vun de Gestiounspläng duerch d’Zesummenaarbecht vun allen Acteuren – Ministèren, Gemengen, Syndikater, landwirtschaftlech Betriber an Naturschutzorganisatiounen – garantéiert gëtt.
Zweeten COPIL um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere
Dat eenzegt Lëtzebuerger Biosphärereservat ass Grënnungsmember vun dësem neien COPIL „LIAS – Uelzechtdall“. Et ass den zweete Steierungscomité, an deem d’Reservat offiziell vertrueden ass, no senger Bedeelegung am COPIL „Minetter Dagebaugebidder“. Dës duebel Vertriedung stäerkt seng Roll beim Schutz an der nohalteger Gestioun vun natierleche Liewensraim, souwuel a sengem zentrale südlechen Territoire wéi och an der Iwwergangsregioun „LIAS – Uelzechtdall“.
D’Regioun „LIAS – Uelzechtdall“, déi tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Minett läit, huet hiren Numm vun hire geologesche Schichten. Si ass gepräägt vum Uelzechtdall a sengen Nieweflëss a bitt Auelandschaften, déi fir d’Vullewelt essenziell sinn an an deenen de Wäisse Stuerk eng emblematesch Aart ass. Déi konzertéiert Gestioun vun dësem Territoire – dee gréisstendeels land- a forstwirtschaftlech genotzt gëtt an zum groussen Deel a Privatbesëtz ass – ass dofir och entscheedend fir de Räichtum vun der Biodiversitéit an der Minett UNESCO Biosphere z’erhalen.
![]() |
![]() |
![]() |