ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash Up: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Park Molter

Fir e Summerepisod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d’Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. An dës Kéier steet och déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: De Park Molter

Rendez-vous mat eise Gäscht hate mir am Park Molter. Dës wichteg Infrastruktursmoossnam, déi an den 2010er realiséiert gouf, ass tëscht 2019 an 2023 mat aktiver Bedeelegung vun de Monnerecher Awunner zu engem richteg Bijou ausgebaut ginn, deen elo eng Oas vun der Rou am Häerz vum Duerf ginn ass. De Park Molter huet sech, no dem Ëmbauaarbechten, séier zu engem Treffpunkt fir Jonk an Al entwéckelt, dee jidderengem Méiglechkeete bitt, eng Pause vum Alldag ze maachen.

Eis Gäscht: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill

Déi zwee Gäscht an dësem Episod vum Minett Mash-Up sinn de Jeannot Fürpass, de Buergermeeschter vu Monnerech, an d‘Anouk Boever-Thill, fréier PRO-SUD-Presidentin an aktuelle Member vum PRO-SUD-Büro.  

Mam Buergermeeschter potere mer iwwert déi grouss Projete vun der Gemeng. Sujete sinn den Ausbau vun de Vëlosweeër, de séieren Tram vun der Stad op Bieles, deen op iwwer 4 Kilometer Streck duerch d’Gemeng Monnerech fuere soll, esou wéi de Projet vum grousse Solarpark, deen um ale Crassier vu Monnerech amgaangen ass Gestalt unzehuelen.

D’Anouk Boever-Thill kuckt op hir 8 Joer an der Gemengepolitik zeréck, verréit eis awer firwat si sech elo aus der aktiver Politik zeréckzitt a gëtt eis en Abléck an hir aktuell berufflech Challengen. Si ass virun e puer Joer als Quereinsteigerin an den Enseignement gewiesselt.

Aner Sujete sinn d’Aktivitéitszon zu Féiz, déi eng vun de gréissten an eelsten Aktivitéitszone vu ganz Lëtzebuerg ass, an d‘Naturschutzgebitt Dumontshaff, wat Visiteure mat senge Waasserbüffel a Storche begeeschtere kann.

Eise Quiz:

An der Gemeng Monnerech gëtt et zënter 2011 ee coolen ‘Pump Track ‘ fir BMX, VTT a Skates. Dat ass alles gratis.. Et muss ee just säi Vëlo an e Casque matbréngen. Mee wou kënnt dëse Numm ‘ Pump Track’ hier?

  1. Vum Lidd ‘You’ve got to pump it up’
  2. Well ee mam Vëlo ‘getrackt’ gëtt
  3. Well ‘pumping’ eng Technik ass

 

Um Monnerecher Crassier, deen tëscht Monnerech, Esch a Féiz läit, gouf et an den 2010er Joren eng Rei Äerdrutschen. Wéini war dann deen éischten Äerdrutsch do?

  1. Am Februar 2013
  2. Am Mäerz 2014
  3. Am Abrëll 2015

 

De knapp 5 Kilometer laange Sentier Nature et Forêt Dumontshaff geet jo och deels iwwert d’Gebitt vun der Gemeng Monnerech. Mat wéi engem Déier ass dësen Trëppeltour da gezeechent?

  1. Mat enger Int
  2. Mat engem Waasserbüffel
  3. Mat engem Storch

 

© Minett UNESCO Biosphere / CNCI

Linke bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1