Wëllt Dir eppes fir d’Aartevillfalt an de Mikroklima an Ärem Quartier maachen? Dir wëllt Är Hausmaueren begréngen, wësst awer net, mat wéi enge Planzen a Kloterhëllefen? Dir frot Iech, wéi a wou Kloterplanze besonnesch gutt wuessen a wéi eng Fleeg se brauchen?
Da sidd Dir häerzlech op eis Aktioun „Mir begréngen eis Fassaden“ invitéiert. Den Atelier, dëse Samschdeg, den 19. Oktober um 10.00 Auer am Stadhaus zu Esch gëtt Iech Äntwerten op all Är Froen.
Hei kënnt Dir Iech gratis umellen.
Bei dësem Workshop kritt Dir praktesch Planz- a Befestegungstipps fir Planzen, déi um Fouss vun der Fassad geplanzt ginn, ugepasst un Är Plaz an Är Wënsch.
E Gäertner oder eng Ëmweltberoderin vu SICONA, e Metallbauer an d’Bauberoderin vum Oekozenter Pafendall erkläre, wéi Fassadebegréngung am Beschten geléngt – an beäntwerten Är Froen.
Eist Zil ass et,datt méiglechst vill Hausbesëtzer derzou bäidroen, datt hir Hausmaueren a Maueren an Zukunft duerch frëscht Gréngs an faarweg Planzen erstralen an esou e wichtege Bäitrag zur Stäerkung vun der Biodiversitéit an de Stied an de Gemenge vun der Minett Biosphere leeschten.