Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Remix Esch2022

Gëff Benevole fir déi europäesch Kulturhaaptstad Esch2022

Zënter 1985 ernennt déi Europäesch Unioun all Joer eng „Kulturhaaptstad vun Europa“. D’Zil vun dëse Kulturhaaptstied ass et, d’Diversitéit vun der europäescher Kultur ze weisen, Renconteren z’erméiglechen an d’Wäerter vun Europa ze vermëttelen.

Am Joer 2022 ass Esch-Uelzecht, déi zweetgréisste Stad vu Lëtzebuerg, zesumme mat den 10 anere PRO-SUD-Gemengen an den 8 franséische Gemenge vun der Communauté de Communes du Pays Haut Val de l’Alzette (CCPHVA), europäesch Kulturhaaptstad.

© Esch2022

D’Programmatioun vun  Esch2022 besteet aus:

∙ grousse kulturellen Evenementer an Ausstellungen,

∙ aus touristeschen an historeschen Aktivéierungen an der ganzer Regioun,

∙ aus Workshoppen an eenzegaartegen immersiven Erliefnisser,

∙ enger aussergewéinlecher Ouvertureszeremonie.

Esch2022 ass e participative Kulturprojet, bei deem jiddereen invitéiert ass matzemaachen.

Wat bedeit et, e REMIXER fir Esch2022 ze sinn?

E REMIXER ze si bedeit, sech als Fräiwëllegen z‘engagéieren an esou zu engem Ambassadeur vun engem grousse Projet ze ginn, andeem ee konkret un de Manifestatiounen deelhëlt. Doduerch kritt een en Abléck an dat, wat hannert de Bünen a Kulisse passéiert. REMIXER hunn déi eemoleg Chance en Deel vun der REMIX Community ze ginn an esou d’Zukunft vun eiser Regioun matzegestalten.

Jiddereen, deen op mannst 18 Joer huet, ka matmaachen.

Zu de Missiounen, déi op dech waarden, gehéieren:

∙ Management vu grousse Manifestatiounen

∙ Ausriichtung vun Ausstellungen an Opféierungen

∙ Informatiounsstänn a Guidagen

∙ Kënschtler / Animateuren / Performer

∙ Aarbecht hannert de Kulissen a Betreiung vu Kënschtler

∙ a villes méi …

Tentéiert vun enger eenzegaarteger Experienz?

Da gëff REMIXER an informéier dech am Detail iwwert d’Aufgaben a Méiglechkeeten, déi sech vu Februar un erginn, andeems du bei enger vun dëse virtuelle Renconteren dobäi bass:

Donneschdeg, de 6. Januar um 18:30

Méindeg, den 10. Januar um 18:30

Dënschdeg, den 11. Januar um 18:30

Mat engem einfache Klick op den Datum kënns du an de ZOOM-Meeting vun dengem Choix.