Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minell – Éischt wëssenschaftlech Workshops

Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

D’Naturwëssenschafte fir de Public fërderen

Vun elo un, hutt dir d’Méiglechkeet iech fir déi éischt interaktiv MiNELL Natur- a Wëssenschaftsworkshopen unzemellen, déi vun der Minett UNESCO Biosphere zesumme mat hire Partner organiséiert ginn.

22.05.22: Urban Biodiversitéit – Entdeckt déi wëll Flora an eise Stied

Beschreiwung: Wéi komme wëll Blummen an eng Stad? Op engem Trëppeltour invitéiert de Botaniker d’Participanten driwwer nozedenken, wéi sech d’Planzen, déi ze fanne sinn, sech un déi urban Bedingungen ugepasst hunn. Wéi kann ee sech tëscht dausende vu Planzen erëmfannen: léieren, déi grouss Famillen, Gattungen, Zorten an hir léifste Liewensraim z’ënnerscheeden.

Datum: 22.05.22 vu 15h00 bis 17h00

Plaz: Käerjeng

Partner: Sound-Ecology

Sprooch: FR

22.05.22: Wéi d’Natur d’Iwwerhand gewënnt

Beschreiwung: Wéi mécht een eng Bestandsopnam vun der Vegetatioun? Wéi verleeft eng ökologesch Successioun an alen Dagebaugebitter? Wéi eng Roll spillt dës fir d’Biodiversitéit vun dëse Gebitter? Nom Enn vum Dagebau, sinn dës Plazen no an no nees vun der Natur eruewert ginn. Huelt d’Roll vun engem Botaniker un an observéiert wéi verschidde Planzenzorten no an no dës Plazen nees rekolonialiséieren. Participante musse gutt ze Fouss an ouni Probleemer kënnen an d’Huppe goen.

Datum: 22.05.22 vun 9h30 bis 11h30

Plaz: Diddeleng Haard

Referentin: Laura Daco, Botanikerin am ‘naturmusée‘

Sprooch: LU

29.05.22: Urban Biodiversitéit – Entdeckt déi wëll Flora an eise Stied

Beschreiwung: Wéi komme wëll Blummen an eng Stad? Op engem Trëppeltour invitéiert de Botaniker d’Participanten driwwer nozedenken, wéi sech d’Planzen, déi ze fanne sinn, sech un déi urban Bedingungen ugepasst hunn. Wéi kann ee sech tëscht dausende vu Planzen erëmfannen: léieren, déi grouss Famillen, Gattungen, Zorten an hir léifste Liewensraim z’ënnerscheeden.

Datum: 29.05.22 vu 15h00 bis 17h00

Plaz: Beetebuerg

Partner: Sound-Ecology

Sprooch: FR

05.06.22: Wéi d’Natur d’Iwwerhand gewënnt

Beschreiwung: Wéi méchs een eng Bestandsopnam vun der Vegetatioun? Wéi verleeft eng ökologesch Successioun an alen Dagebaugebitter? Wéi eng Roll spillt dës fir d’Biodiversitéit vun dëse Gebitter? Nom Enn vum Dagebau, sinn dës Plazen no an no nees vun der Natur eruewert ginn. Huelt d’Roll vun engem Botaniker un an observéiert wéi verschidde Planzenzorten no an no dës Plazen nees rekolonialiséieren. Participante musse gutt ze Fouss an ouni Probleemer kënnen an d’Huppe goen.

Datum: 05.06.22 vun 9h30 bis 11h30

Plaz: Diddeleng Haard

Referentin: Laura Daco, Botanikerin am ‘naturmusée‘

Sprooch: FR

19.06.22: Naturschutz am Minett

Beschreiwung: Wéi kënnen Naturschutzgebitter valoriséiert a geschützt ginn? Aarte virum Ausstierwe schützen, Liewensraim erhalen an nees hierstellen, Ökosystemdéngschtleeschtunge verbesseren an déi biologesch Diversitéit schützen – liewenswichteg fir eise Planéit. Wat dat op lokalem Niveau bedeit, gi mir um Beispill vum Naturschutzgebitt Giele Botter gewuer.

Datum: 19.06.22 vun 9h00 bis 11h00

Rendezvous: Parking vum Waasserbaseng, rue Titelberg, Nidderkuer.

Referent: Jan Herr, Biolog, Gestionnaire Natura 2000 “al Dagebaugebitter” vun der Administration de la Nature et Forêts (ANF)

Sproochen: LU, DE, FR

MiNELL ass e Projet vun der Minett UNESCO Biosphere koordinéiert vu PRO-SUD, dem Gemengesyndikat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng, Suessem.