Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

20 Joer PRO-SUD – Roberto Traversini (2018/2019)

Um Wee Richtung Biosphärereservat

 

Am Februar 2018 ass de Roberto Traversini neie President vu PRO-SUD ginn. Zu dësem Zäitpunkt hu sech d’Aktivitéite vum Gemengesyndikat nees op d’Landesplanung konzentréiert. Et war deemno e gudde Moment fir eng Kandidatur vun der Südregioun beim UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ fir e Biosphärereservat ze ginn. De Roberto Traversini war fir d’Koordinatioun vum Dossier fir d’Kandidatur responsabel.

 

De PRO-SUD mobiliséiert Acteuren an den eelef Gemengen, fir de Label ze kréien an esou d’Südregioun op eng nohalteg Manéieren ze developpéieren a promouvéieren. Besonnesch wichteg war et d’Bierger beim Erstelle vum Kandidatursdossier mat anzebannen. An all Gemeng war e „Biergerbedeelegungsowend“ fir d’Minett UNESCO Biosphere  ze presentéieren. Un dëse Manifestatiounen hunn iwwer 500 Biergerinnen a Bierger a Lycéesschülerinnen a -schüler deelgeholl.