
Metallurgie, Andere, Geschichte, Essen & Getränke, Straßenessen, Lokale Aktivität, Nachbarschaftsmesse, Abendgesellschaft, Tanzabende
Feierôwend!
Soirée dansante, notturna ferruginosa
Datum/Daten
FerroForum schléisst de Summer of mat enger Hommage un d’Grenz, den Haut-Lieu vun de Oarbeschter-Fester an der Nookrichszäit.
.Mär erwaarden iech ab 19h am Atelier Central fir zesumme mam Luciano Pagliarini a sengem Orchester d’Danzpist onsécher ze maachen.
Wärend dëser notturna ferruginosa erlieft dir lauter Feier- an Eisenaktiounen vun der Ekipp vum FerroForum.
Méi spéit erwaart iech eng Retroplatinodisco mat den Loon Dj's um Mëschpult. Et gëtt natierlech och z’iessen an ze drénken, wéi deemools op der Grenz! A wann dir iech an eis nach méi Freed wëllt maachen, dat kommt am Sonndesgezei wéi fir d’Baler vu fréier.
T’ass Feierôwend!
Et gëtt och erëm eng Navette vum Portail Lalleng (Parking Aloyse Meyer) erop bei eis an den Atelier Central
.PROGRAMME:
19:00 Ouverture Portaile an Départ 1. Navette vum Portail Lalleng
19:30 Danzpiste geet op mam Luciano Pagliarini a sengem Orchester
22:00 Retroplatinodisco mat de Loon DJ’s
De ganzen Owend: Notturna ferruginosa mat der Ekipp vu FerroForum
00:00 Feierowend a Luuchten aus!… Départ vun der leschter Navette an Fermeture vun de Portaler