Hip Hop / Rap
Beatmaking Workshop
Produziere eigene Beats für den Hip Hop Marathon!
Datum/Daten
Du lauschters gär Hip Hop a Rap?
Du wëlls gär emol ausprobéieren, wéi et ass säin eegenen Beat um Computer ze produzéieren?
Am Workshop léiers du mat enger Musek-Software ëmzegoen, digital Instrumenter kennen an setz Sounds zu engem eegenen Hip Hop-Beat zesummen.
Den Museksproducer an Rapper Luka Tonnar (luk.) weist dir, wéi ee Rhythmen a Stécker baut, déi duerno am Kader vum Hip Hop Marathon zum Asaz kommen. Deng Beats déngen als Instrumental Stécker, op déi d'Rapper hier Texter leeën.
Du kenns dech net esou mat Musek aus? Kee Problem. Du muss just Loscht matbrengen, fir mat Sounds a Rhythmus ze spillen.
Mell dech elo un a maach mat!
Wat ass "Beatmaking"?
Beim Beatmaking gi Kläng, Rhythmus a Melodien zu engem "Beat" komponéiert. De Beat ass d'Musek (ouni Rap a Gesang) vun engem Hip Hop Lidd a gëtt meeschtens op engem Computer produzéiert.
Daten:
03.11 10:00-15:00 (mat Paus)
.04.11 10:00-15:00 (mat Paus)
05.11 10:00-15:00 (mat Paus)
Präis: 15€ (fir dee ganzen Workshop)
INFO an Umeldung: rocklab.lu
Preis
für den gesamten Workshop
Kontaktinformationen für diese Veranstaltung
Telefon: 24 555 611
E-mail: rocklab@rockhal.lu
Internet: rocklab.lu