Dëst Fréijoer markéiert e wichtege Moment fir den Naturschutz an der Minett Biosphere. Um zweete Jugendforum vun der Minett-Biosphär am Juli 2023 hu jonk Käpp innovativ Iddien entwéckelt, fir eng effektiv Sensibiliséierungscampagne ze starten an esou d’Biodiversitéit vun der Regioun ze schützen.
Den Ufank vun der Sensibiliséierungscampagne
De Projet war d’Resultat vun engem véier Deeg laangen Event, wat fofzéng jonk Erwuessener aus fënnef Länner zesummebruecht huet. Hir Missioun? Eng Ëmwelterausfuerderung unzegoen, déi um Forum 2022 beschriwwe gi war: dat respektlos Verhale vu vereenzelte Visiteuren an den Naturschutzgebidder an de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere.
A kollaborative Workshops mat Designer an Ëmweltexperten hunn d’Participante gekuckt, wéi een eng Beschëlderung entwéckele kann, déi wichteg Informatioune liwwert an d’Visiteuren inspiréiert, sech an der Natur verantwortungsvoll ze verhalen. Den Design vun der Campagne hat zum Zil, e Gläichgewiicht tëscht mënschlechen Aktivitéiten an der Natur ze fërderen an d’Sensibiliséierung fir d’Zerbriechlechkeet vum Ökosystem ze steigeren. Dëse kreative Prozess huet aus Brainstorming-Sessiounen, Excursiounen an d‘Naturschutzgebidder an dem prakteschen Design vun de Schëlder bestanen.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Déi nei Schëlder: Upassbar a funktionell
Déi fäerdeg Schëlder entspriechen dem visuelle Erscheinungsbild, dat am ganze Süde vun der Naturverwaltung (ANF) benotzt gëtt, fir eng Kohärenz an de Naturschutzgebitter ze garantéieren. Zënter dem Ufank vum Fréijoer ginn d‘Schëlder an de Kärzone vun der Biosphär benotzt. Si si visuell attraktiv gestalt a sollen eng méi déif Verbindung tëscht de Visiteuren an der Natur, déi eis ëmgëtt, fërderen. Duerch Messagë fir e respektvollt Behuelen, wéi d’Opfuederung d‘Hënn an der Léngt ze halen oder d’Vermeide vun Offäll, sollen si dozou bäidroe vum Mënsch verursaachte Stéierungen an dësen empfindlechen Ekosystemer ze reduzéieren.
Besonnesch Opmierksamkeet fir de Schutz vun den Orchideeën
Aktuell steet d’Minett-Biosphär an der Bléi a weist hir Panoplie u wëllen Orchideeën an all hirer Schéinheet. Deemno ass eent vun de Schëlder besonnesch grad elo besonnesch wichteg. Et gouf entworf, fir op dës aussergewéinlech Blummen hinzeweisen a se besser ze schützen. Doriwwer eraus soll mat hinnen d‘Bewosstsi fir d‘Wichtegkeet vum ekologesche Gläichgewiicht an eiser UNESCO-Biosphär ënnerstëtzt ginn. D’Orchideeën si net nëmme visuell beandrockend, mä si spillen eng wichteg Roll fir déi lokal Biodiversitéit a symboliséieren dat natierlecht Ierwe vun de fréieren Dagebaugebidder.
Dës Campagne ass e Beweis fir d’Méiglechkeeten, déi een huet, wann ee jonk Leit an der Realisatioun vun Ëmweltinitiativen ënnerstëtzt. Mat einfachen, mee wierksame Moossname wéi dëser duerchduechter Beschëlderung weist d’Minett UNESCO Biosphere, datt kleng Aktiounen de Motor fir grouss Verännerunge kënne sinn.
Wann Dir an den nächste Wochen op Besuch an d’Minett-Biosphär kommt, dann huelt Iech Zäit, déi wëll Orchideeën a voller Bléi an déi nei Schëlder ze kucken, déi Iech encouragéiere sollen zum Schutz vun dëse wäertvoll Gebidder bäizedroen, fir zesummen ze soen: „We are the biosphere“
![]() |
![]() |
![]() |