🌨️ Streesalzalternativen - Einfach Geste fir d'Natur 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat kennen ze léieren
arrow
quote quote

Reunioun vum Comité Scientifique vun der Minett Biosphere

De wëssenschaftleche Comité vun der Minett UNESCO Biosphere war leschten Donneschdeg, den 22. Januar 2026, zesummen.

D’Zil vun der Reunioun: d’Haaptlinne vun de nächste Joren ze definéieren. Dës Reunioun stoung am Zeeche vum 5. Weltkongress vun de Biosphärereservater zu Hangzhou.

Déi nei weltwäit Strategie fir UNESCO-Biosphären (2026–2035) setzt op eng déifgräifend Ëmwandlung vun der Relatioun tëscht Mënsch an Natur. Si wëll d’Biosphäreregiounen als Beispill fir Nohaltegkeet, Innovatioun an Zesummenaarbecht positionéieren. 34 konkret Objetiver stinn am Mëttelpunkt vun dësem Plang. Dozou gehéieren d’Ënnerstëtzung vun der Restauratioun vun natierleche Raim, d’Fërderung vun engem verantwortleche Liewensstil an d’Integratioun vun der Klimaadaptatioun an d’Regionalplanung.

De Comité Scientifique wëll och d’Verbindungen tëschent der Wëssenschaft a der Gesellschaft stäerken. Dëst soll iwwer interdisziplinär Projeten an d’Mobiliséierung vu verschiddenen Acteure geschéien: Universitéiten, lokal Vertrieder, Associatiounen a Betriber.

De Minett Trail: e grousse Succès

De Minett Trail an seng “Kabaisercher” goufe vun de Participanten héich gelueft. Dës Ökotourismus-Initiativ gëtt vun der Plattform SimpleViu geréiert. 2025 hunn esou vill Leit an de Kabaisercher geschlof ewéi nach ni. Dëse Succès weist den zousätzlechen Interessi un authenteschen, naturnoen Openthaltsméiglechkeeten, wat positiv Retombéeë fir d’Regioun huet. D’Membere vum Comité hunn ënnerstrach, wéi wichteg et ass, dëse Wee weiderzegoen. Si encouragéieren d’Iddi zousätzlech Iwwernuechtungsméiglechkeeten, déi weider eng staark Verbindung zum lokale Patrimoine hunn, ze schafen.

De Comité mécht och Recommandatiounen. Méi Visibilitéit fir d’Moossnamen – fir Awunner a Visiteuren – ass gewënscht. Eng Erweiderung vu Partnerschafte mat de Nopeschregiounen ass och geplangt. Am Laf vum Joer 2026 si schonn eng Rei Reuniounen ugesat. D’Zil: de Dialog féieren, Prioritéiten nach z’ajustéieren an d’Zivilgesellschaft sou wéi d’politesch Vertrieder méi staark an déi kollektiv Aventure vun der Minett UNESCO Biosphär anzebannen.