Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Naturmusée Fest 2023

Dëse Sonndeg, de 17. September, war d’Minett UNESCO Biosphere déi éischte Kéier mat engem Stand um Naturmusée Fest vertrueden.

Beim Workshop “Minett Ink” gouf mat der Siebdrucktechnik an natierlecher Tënt geprint: eng Mëschung aus rouder Äerd , Waasser a Miel, dat als natierleche Päsch wierkt. Als Motiv goufe verschidden Déieren a Planzenaarten, déi am Minett virkommen, geprint. D’Minetter Schof, déi als natierlech Méimaschinnen an den Naturschutzgebitter vum Süden ënnerwee sinn, Fliedermais, déi an den ale Minnen iwwerwanteren, Eidechsen, deenen déi al „Fronts de Taille“ aus dem Dagebau e perfekt doheem bidden, fir sech am Summer an der Sonn opzewiermen, de Skabiosenscheckenfalter, ee seele Päiperlek, dee just nach op enger Plaz am Minett virkënnt, d’Bëschléierchen, déi vun den oppenen Dréchewisen an den Naturschutzgebitter profitéiert, fir um Buedem hir Näschter ze bauen an d’Pyramidenorchidee, eng Orchideeënaart, déi een am Fréijoer dacks am Biosphärereservat ka gesinn.

Immens vill Kanner an Erwuessener hate beim gudde Wieder Spaass fir selwer d’Siebdrucktechnik auszeprobéieren an hiert Konschtwierk duerno och mat heem ze huelen.