Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Nationalen Dag vum Bam

Ewéi all Joer, ass um drëtte Samschdeg am November, den nationalen Dag vum Bam. Op deem Dag start d‘Fondatioun „Hëllef fir d’Natur“ an d’Pflanzsaison. Mat dëser Aktioun solle Gemengen, Privatpersounen, Entreprisen an Organisatioune motivéiert gi Beem ze planzen.

D’Roll vun de Beem an Zäite vum Klimawandel

Beem spillen eng entscheedend Roll am Kampf géint de Klimawandel an hu verschidde Fonctiounen, mat deenen déi negativ Auswierkunge vum Klimawandel reduzéiere kënne ginn.

Beem absorbéieren duerch hir Fotosynthees Kuelestoffdioxid (CO2) aus der Atmosphär. Esou hëllefen si d’Konzentratioun vun Zäregaser an der Loft ze reduzéieren.

Beem filtere Schuedstoffer aus der Loft a verbesseren esou d’Loftqualitéit.

Beem droen zur Waasserregulatioun bäi, andeems se Reewaasser ophuelen a späicheren. Dëst reduzéiert d’Gefor vun Iwwerschwemmungen, esou wéi de Risiko vu Buedemverloscht an Erosioun.

Beem sinn natierlech Klimaanlagen, duerch de Schiet an duerch Transpiratioun reduzéieren si d’Temperaturen an hirer direkter Ëmgéigend. Dëst ka besonnesch an urbane Gebidder hëllefen, d’Effekter vun urbanen Hëtztinselen ze reduzéieren.

Alles am allem leeschte Beem e wichtege Bäitrag a sinn eng naturno Solutioun an der Lutte géint d’Suitte vum Klimawandel.

© Marc Weis

© Ville d’Esch-sur-Alzette

© Marc Weis

Konkret Aktiounen an der Minett Biosphere

Um nationalen Dag vum Bam wäert d’Fondatioun „Hëllef fir d’Natur“ am ganze Land nei Beem planzen. Net manner ewéi 44 Planz-Aktiounen si geplangt, zwou dovunner a Gemenge vun der Minett Biosphere.

An der Stad Diddeleng sinn direkt dräi Aktiounen fir den dëse speziellen Dag geplangt. Um 11:30 planzt de Schäfferot an Zesummenaarbecht mam Veräin “Soroptimist Minett” e Bam am Schoulhaff vun der Schoul “Deich”. D'”Peaux Rouges Dudelange” planzen um 14:00 Hecken a Beem an hirem Bongert, zesumme mam Service Jardinage vun Diddeleng, an um 15:00 gëtt vum Schäfferort dann am Park Le’h nach e Bam fir d’Kanner aus der Gemeng Diddeleng geplanzt, déi am Laf vun dësem Joer op d’Welt komm sinn. 

Um 10.00 Auer scho ginn an der Gemeng Käerjeng an der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng dräi Arlesbeem (Sorbus aria) geplanzt. Dës Beem aus der Famill vun de Äppelbeem kënne bis zu 12 Meter héich an 100 Joer al ginn.

D’Stad Esch/Uelzecht huet och en Evenement fir den nationalen Dag vum Bam geplangt. Vun 11.00 Auer u proposéieren de Service écologique an de Service des parcs e Spadséiergang duerch de Park Gaalgebierg. Niewent der Geschicht vum Park an der variéierter Beplanzung mat Beem a Straicher, kann een am Park vill verschidde Planzenaarten entdecken, vun deenen e puer bei dësem Spadséiergang méi am Detail erkläert ginn. Den Trëppeltour geet iwwert déi befestegt Weeër vum Park a méi Informatioune fannt Dir hei.

En Donneschdeg, den 28. November, organiséiert den Ëmweltbüro vun der Stad Esch eng weider Manifestatioun am Kader vum nationalen Dag vum Bam. Um 19:00 Auer gëtt deen Dag am Cinéma Ariston den Dokumentarfilm „Le chêne gewisen. Dëse Film, deen 2023 mam César fir de beschten Documentaire ausgezeechent gouf a ganz ouni Wierder auskënnt, stellt eng 210 Joer al Eech an hire ganzen Ökosystem an de Mëttelpunkt. D’Evenement ass gratis, et muss een sech awer am Virfeld umellen. Eng E-Mail un ecologie@villeesch.lu mat der Unzuel vun de Plazen, déi ee reservéiere wëll, geet duer.