Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad
Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site.
D’Aarbechte vum Fonds de Logement fir hei Wunnraum, Geschäftslokaler an eng kulturell Offer ze schafen, hunn ewell ugefaangen. De Site selwer ass awer och scho belieft. Zënter 2016 ass den DKollektiv hei aktiv an huet och d’Garantie iwwert de Chantier eraus hei doheem bleiwen ze däerfen.
Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWa
VeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vum Joerhonnert stëll geluecht gouf. De VeWa ass Deel vum Site NeiSchmelz a wäert, am Kader vun der Transformatioun vun deem fréiere Stolwierk zu engem nohaltegen an neie Quartier vun der Stad Diddeleng, erhale bleiwen.
De VeWa ass haut awer och eng Asbl an där eng Rei Diddelenger Associatioune vum DKollektiv iwwert de Fotoclub bis d’Inter-Actions regroupéiert sinn. Si alleguerten deelen sech dat aalt Industriegebai, an deem haut eng Rei Atelieren, Säll a kreativ Ecker hiert Doheem fonnt hunn.
Erhalen a renovéiert gouf de VeWa am Kader vu partizipativen Atelieren, wou Biergerinnen a Bierger opgeruff waren de lokalen Associatiounen ze hëllefen. D’Resultat léisst sech weisen a mam Gebai, wat zum Deel bei Moderniséierung vun der Diddelenger Schmelz am Joer 1928 gebaut ginn ass, huet d’Stad Diddeleng en „tiers lieu culturel“, deen elo scho Liewen a Kultur an deen zukünftege Quartier NeiSchmelz bréngt.
Eise Gaascht: De Serge Ecker
De Kënschtler Serge Ecker, deen zu Käl opgewuess ass, ass Member vum DKollektiv, deen um Site NeiSchmelz zu Diddeleng aktiv ass. Hien ass e richtege Minettsdapp an de Minett ass och eng Inspiratioun fir seng kënschtlerech Aarbecht. Säin Interessi un der Exploratioun vu verloossenen an industrielle Raimlechkeeten huet him de Wee zu enger Carrière als Kënschtler opgemaach, obwuel hien, deen aus enger Famill vu Mineure kënnt, net onbedéngt fir esou e Wee predestinéiert war.
De Serge huet Grafikdesign an audiovisuell Konscht zu Nice studéiert an huet duerno éischt berufflech Erfarungen an Däitschland gesammelt. Hie war deen Éischten zu Lëtzebuerg, dee Modeller ugebueden, déi mat Hëllef vun engem 3D-Printer produzéiert goufen. De Serge Ecker ass bekannt fir seng Skulpturen aus recycléiertem Material a säin Engagement fir ökologesch verantwortlech Konscht. An dës Approche passt och säin Engagement beim DKollektiv, dee sech fir de Partage vu Wëssen an d’Valorisatioun vum industrielle Patrimoine asetzt.
Duerch verschidden Initiative probéiert de Serge urban Raim nei ze iwwerdenken a mat ökologeschen a sozialen Themen ëmzegoen. Den DKollektiv probéiert, och duerch de Serge Ecker a déi aner Kënschtler, déi Member sinn, d’Plaz vun der Konscht an der zäitgenëssescher Stad z‘iwwerdenken an esou e kulturellen Dialog ronderëm d’Reaffektatioun vun industrielle Frichen ze féieren.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere / Anouck Gengler
Eise Quiz:
Fir den aktuellen Episod vun eisem Podcast sinn op dëser Plaz ausnamsweis keng Äntwerten op d’Froen ze fannen, déi eise Gaascht eis gestallt huet, well de Serge Ecker eis mat enger kreativer Quizform iwwerrascht hat, déi ee selwer lauschtere muss…
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Serge Ecker: Website vum Kënschtler
- D-Kollektiv: Participative Kënschtlerkollektiv, deen zu Diddeleng aktiv ass
- Lokomotivschapp Diddeleng: Eent vun de Gebaier vun der aler Diddelenger Schmelz, déi och am neie Quartier erhale bleiwen a wou aktuell e Restaurant an eng Brauerei dran ze fanne sinn
- Vestiaire-Waggonage (VeWa Asbl): Zesummeschloss vun enger Rei Diddelenger Veräiner, déi an de Beräicher Kultur a Biergerbedeelegung aktiv sinn
- Esch2022: Esch-Uelzecht, déi 10 aner Gemenge vun der Minett Biosphere an 8 franséisch Grenzgemenge waren 2022 europäesch Kulturhaaptstad
- INPA (Institut national pour le patrimoine architectural): Staatlech Administratioun, déi fir de Schutz an den Erhalt vu (Bau-)Denkmaler verantwortlech ass
- Thierry Van Werveke: verstuerwene Lëtzebuerger Acteur, deen aus dem Minett koum a bis haut nach Kultstatus genéisst
- Thierry van Verweke Filmserie am Kino: 15 Joer nom sengem Doud lafe bis Dezember nach emol Filmer mam charismateschen Acteur an de Lëtzebuerger Kinoen
- Flying Cepelinai: Konschtwierk vum Serge Ecker, wat hie mat engem Kënschtler aus Litaue fir Kaunas2022, Europäesch Kulturhaaptstad, a Litaue geschaf huet a wat en Hommage un eng lokal Iessensspezialitéit ass
- Cepelinai Rezept: Fir déi litauesch Spezialitéit selwer nozekachen
- Sols et sous-sols: Kënschtleresche Projet vum DKollektiv am Joer 2024, wou am Oktober d’Realisatioune gewise goufen
- Bärbelendag: Gedenkdag zu Éiere vun der Schutzpatréinesch vun de Biergaarbechter de 4.12.
- Redwall: Skulptur vum Serge, déi am LHCE hänkt
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |