Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

MINETT MASH-UP: EPISOD 16 – CHAREL KUGELER X WAGGON-GÎTE

E Schüler ënner Damp

No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi séier schloen.

Al Lokomotiven an d’Passioun vun engem jonke Minetter, dee sech fir den Erhalt vun dësen historesche Maschinnen asetzt sinn eise Sujet vum Mount August.

Eise Gaascht: Charel Kugeler

Eisen Invité vun dësem Mount ass nach Schüler am Lycée Nic Biever zu Diddeleng an zënter e puer Joer passionéierte Member vun der Train1900-Ekipp. Eise Gespréichspartner koum duerch e Bekannten, deen hien eng Kéier mat an de Fond-de-Gras geholl hat, bei d’Dampmaschinnen, déi hei restauréiert a gefuer ginn.

© Minett UNESCO Biosphere / IK-CNCI / MUAR

Obwuel de Charel bis dohinner wéineg Kontakt mat Hydraulik, Dampkesselen oder Kuelen hat, sinn déi al Maschinne séier zu senger Leidenschaft ginn. Haut ass de Charel mat Häerz a Séil fir als Benevole beim Train1900 engagéiert a verbréngt, net seelen, de gréissten Deel vu senge Weekender am enken Dall tëscht Rodange an Nidderkuer. Wéi seng Klassekomeroden säin Engagement gesinn, wéi eng Verantwortung een als Maschinist oder Zuchbegleeder beim Train1900 huet a wat nach bis zum Enn vun der Saison am Fond-de-Gras gebuede gëtt, dat si Sujeten an eisem Gespréich vun dësem Episode vum Minett Mash-Up.

Instagram TikTok Facebook

 

Eis Minett-Location vum Mount: Fond-de-Gras

D’Gemeng Péiteng

Mat iwwer 20.000 Awunner ass d’Gemeng Péiteng, déi aus de Uertschafte Péiteng, Lamadelaine a Rodange besteet, déi fënneftgréisst Gemeng zu Lëtzebuerg, nëmme knapp hannert der Stad Diddeleng.

Um Dräilännereck mat der Belsch a Frankräich läit Péiteng an et ass eng Gemeng, déi bis haut en industrielle Charakter opweises huet. D’Rodanger Schmelz huet viru kuerzem 150 Joer gefeiert an ass bekannt fir héichqualitativ Schinnen ze produzéieren, déi a ganz Europa exportéiert ginn. Péiteng selwer ass och ganz enk mat der Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg verbonnen. D’„Société des Chemins de Fer Prince Henri“ hat hei hire Siège, éier se nom Enn vum Zweete Weltkrich en Deel vun der haiteger CFL gouf. Bis haut bedreift d’ASBL Train1900, mat hiren historesche Lokomotiven a Waggonen, en Deel vum ale „Prince Henri“-Streckennetz, den Tronçon vu Péiteng an de Fond-de-Gras.

De Fond-de-Gras selwer war ee vun gréisste Site fir den Opbau vun der Minett an ass haut als Minett Park eng vun de gréissten Touristenattraktiounen am Südweste vu Lëtzebuerg.

D‘Kabaische vum Mount: De Wagon-Gîte

Am Fond-de-Gras, matten an engem vun de groussen Naturschutzgebidder vum Minett, läit de Wagon-Gîte, d’Kabaische vun der Gemeng Péiteng. Et ass en alen Eisebunnswaggon, deen nodeems e laang Jore verlooss op engem Ofstellgleis vun der Stater Gare viru sech higerascht ass, an eng luxuriéis Iwwernuechtungsméiglechkeet verwandelt ginn ass.

Source: www.simpleviu.com

Nieft engem groussen Openthaltsraum mat Holzuewen huet d‘Kabaischen am Fond-de-Gras eng komplett Kichen, 2 Buedzëmmer an 3 Schlofkummere mat all Kéiers zwee Etagebetter, fir am Ganze 6 Gäscht ze bidden. Den absolutten Highlight vum “Wagon-Gîte” ass awer d’Sauna, wou een no enger ustrengender Wanderung um Minett Trail gemittlech relaxe kann.

Eise Quiz:

Den 23. a 24. September ass jo nees den „Anno1900”, d’Steampunk Convention hei am Fond-de-Gras. A wéi engem Joer war deen éischte Steam Punk Festival hei? 

  • 2003
  • 2007
  • 2011

 

Wéi vill Garen (respektiv Haltestellen) bedreift d’CFL hei am Land haut nach? 

  • 42
  • 68
  • 84

 

Linke bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Train1900: Homepage vun der Asbl mat all den Detailer iwwert de Veräin, hiert Material an hir Manifestatiounen
  • Albert Wolter: Éierepresident vum Train1900
  • Schinnebus vum Train1900: Artikel iwwert d’Arrivée vun der Maschinn am Fond-de-Gras
  • Streck vum Train1900: Detailléiert Beschreiwung vum Streckeverlaf vum Train1900
  • Minièresbunn Doihl: Asbl, déi mat ale Minièresbunne vum Fonds-de-Gras duerch eng Galerie op Lasauvage a vun do virun op Saulnes (F) fiert
  • Kabaischen am Fond-de-Gras: Konzept hannert dem Gîte, Fotoen an de Link fir de „Wagon-Gîte“ ze reservéieren
  • Minett Park Fond-de-Gras: Industriekultursite am Zeeche vun der Biergbau- a Stolvergaangenheet vum Minett
  • Giele Botter: Naturschutzgebitt tëscht Péiteng an Nidderkuer, Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere
  • Belval: Quartier vun de Gemengen Esch a Suessem, wou eng Friche rekonvertéiert gouf/gëtt
  • Vëlodukt: Längste Vëlosbréck an Europa, déi de Belval mam Zentrum vun Esch verbënnt
  • Erkärung: Den Ursprong vum Numm Fonds-de-Gras (Säiten 9-12)
  • Société des chemins de fer Prince Henri: Zuchgesellschaft, déi d’Linn an de Fond-de-Gras virun den CFL exploitéiert huet
  • Anno1900: Steampunk Festival am Fond-de-Gras

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1