Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

MINETT MASH-UP: EPISOD 17 – MICHEL GIRA X FLOATER

De Coordinateur vum Projet “Nei Schmelz”

Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. De Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds du Logement amenagéiert hei mam Projet “Nei Schmelz” op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei Awunner.

Diddeleng kritt e komplett neie Quartier an d’Sanéierungsaarbechten um Site wäerten elo am Oktober no an no ulafen. Bis 2028 sollen éischt Wunnengen am neie Quartier fäerdeg sinn an de südleche Wupp vun Diddeleng en neit Gesiicht kritt hunn.

Eise Gaascht: Michel Gira

Eisen Invité dëse Mount ass zoustänneg fir d’Koordinatioun vun de grousse Projeten, déi de Fonds du Logement an den nächste Jore realiséiert. Dat ass engersäits de Projet „Nei Schmelz“ an anerersäits de Projet “Wunne mat der Wolz” am Norde vu Lëtzebuerg.

De Michel Gira verréit eis am Gespréich méi iwwert seng deeglech Aarbecht, stellt eis den ambitiéisen Developpementsprojet zu Diddeleng vir a gëtt eis e klengen Abléck an déi ökologesch Aspekter, déi beim Baue vun dësem neie Quartier berücksichtegt ginn.

Donieft hu mer mam Michel Gira awer och iwwert seng Passioun Handball geschwat an eng al Diddelenger Legend ass och thematiséiert ginn.

 

Eis Minett-Location vum Mount: Diddeleng

D’Stad Diddeleng

Wéi esou vill aner Stied an Dierfer laanscht déi franséisch Grenz huet Diddeleng sech um Enn vum 19. Joerhonnert mam Developpement vum Biergbau an der Stolindustrie entwéckelt. Bannent e puer Joer ass aus engem klenge Baueren- an Handwierkerduerf eng Industriestad ginn, déi géint 1900 schonn iwwer 10000 Awunner hat.

Haut liewe ronn 22000 Leit an der „Forge du Sud“, déi allerdéngs zënter 2005 keng aktiv Schmelz méi huet. Duerfir fënnt een haut den LNS (Laboratoire National de Santé) an den CNA (Centre National de l’Audiovisuel) an där Stad, déi no Westen (Haard) an Osten (Waal) vun zwee Naturschutzgebitter ëmschloss gëtt.

D‘Kabaische vum Mount: Floater

De „Floater“ zu Diddeleng um Waasserbaseng vun der fréierer Schmelz ass an enger ganzer Rei Hisiichten eenzegaarteg. Et ass déi eenzeg Kabaischen, déi um Waasser steet an et ass eng nei Konstruktioun, déi sech un eppes Alem inspiréiert huet. D’Fassad vum Floater an d’Mauere bannen an Gebai representéieren e „Front de taille“, wéi se am 20. Joerhonnert an den Dagebaugebitter vum Süden entstane sinn.

D’Konzept vun der Diddelenegr Kabaischen koum vum Büro M3 Architectes. Den Architekt vun der Diddelenger Kabaische war de Gil Greis. De Kënschtler, dee mat um “Floater” geschafft huet an d’Iddi vum „Front de taille“ hat, ass de Franck Milten.

 

Eise Quiz:

Butschebuerg ass jo e Quartier vun Diddeleng an um Gehaansbierg iwwer Butschebuerg läit eng Buergruin. Ronderëm déi Ruin gëtt et och eng Legend an déi handelt vu wat?

  • Vun enger Jongfra
  • Vun engem Wiichtel
  • Vun engem Wollef

 

Am Waassertuerm vun der Diddelenger Schmelz kann een d’Expo “The Bitter Years” gesinn, déi den Edward Steichen 1962 kuratéiert huet. Wéi en Titel hat de Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen, deemools zu New York gelieft huet, zu deem Zäitpunkt?

  • Keen, well hie fräischaffende Kënschtler war
  • Generalkonsul vu Lëtzebuerg zu New York
  • Direkter vun der Sektioun Fotografie vum Museum of Modern Art zu New York 

 

Linke bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Fonds du Logement: Etablissement public, deem säin Zil et ass accessibele Wunnraum ze schafen
  • Nei Schmelz: grousse Projet vum Fonds du Logement zu Diddeleng bei deem 1600 nei Wunnengen entstoe sollen
  • Wunne mat der Wooltz: grousse Projet vum Fonds du Logement zu Wolz, wou knapp 1100 Wunnenge gebaut ginn
  • HBC Schëffleng: Handballveräi vu Schëffleng, deen dës Saison an der zweethéchster Lëtzebuerger Liga spillt
  • Floater: Kabaische vum Minett Trail zu Diddeleng
  • Minett Trail: 90 Kilometer laange Premium-Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere
  • Pom’House: Pompelstatioun vun der fréierer Diddelenger Schmelz, zesumme mam Waassertuerm en architektonischen Ensembel vum Industrieierwen am Süden
  • Diddeleng: Stad a Gemeng am Süde vu Lëtzebuerg
  • D’Kollektiv: Diddelenger Asbl, déi zënter 2016 aktiv neit Liewen op d’Friche vun der aler Diddelenger Schmelz bréngt
  • VeWa: En Tiers Lieu Culturel um Site vun der aler Diddelenger Schmelz, deen aktiv mat an de Projet „Nei Schmelz“ vum Fonds du Logement agebonne gëtt
  • Minettsdapp Brauerei: Mikrobrasserie, déi um Site vun der aler Schmelz zënter 2023 Béier braut
  • Skate Park: Plaz firm am Skateboard ze fueren, déi vun der Asbl „Parc and Ride“ geréiert gëtt
  • Urban Garden NeiSchmelz: Gemeinschaftsgaart um Site „Nei Schmelz“ zu Diddeleng
  • Gare Italien: Am Fong „Gare Diddeleng-Usines“, eng vun de 4 Diddelenger CFL-Garen
  • Diddelengerbaach: Klenge Floss, deen a Frankräich entspréngt an duerch Diddeleng a Beetebuerg fléisst, éier en an d’Uelzecht leeft
  • Butschebuerg: Quartier vun Diddeleng um Fouss vum Gehaansbierg
  • Elisabeth von Hunolstein: Legend iwwert d’Jongfra vum Gehaansbierg
  • „The Bitter Years”: Historesch Fotoausstellung, déi am Diddelenger Waassertuerm ze gesinn ass
  • Edward Steichen: Amerikanesche Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen, dem säin kënschtlerescht Ierwen zu Diddeleng an zu Klierf ze gesinn ass

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1