Feier, Hëtzt an Eisen
Wéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass.
Eis “Minett Location vum Mount”: Metzeschmelz
Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an d‘Metzeschmelz, eng industriell „Friche“ an en immens staarken Zeie vun der Zäit wou Stolproduktioun an Alldag hei am Süde ganz enk matenee verbonne waren.
Mir si fir dësen Episod zu Gaascht am fréieren Zentralatelier vun der Schmelz Esch‑Schëffleng – an enger impressionnanter Hal, wou de Ferro Forum zënter e puer Joer säin Doheem fonnt huet. Hei gëtt net just „iwwer d’Schmelz geschwat“: hei gëtt Erënnerung lieweg gehalen, hei gi Geschichte gesammelt an Industriekultur mat Leit gedeelt, déi Loscht hunn, de Minett a seng Entwécklung besser ze verstoen.
Am Gespréich geet och iwwer eng urban Legend riets: d’Schmelz ass am 19. Joerhonnert vun zwee Co‑Proprietairen gebaut gi sinn – komplett gespigelt, esou datt jidderee säin Deel hätt kënnen eleng bedreiwen, falls et zum Sträit komm wier. Genee esou Detailer maachen d’Location vum Mount zu méi wéi nëmmen enger Kuliss: et ass eng Entrée an d’Geschicht, déi ekonomesch Necessitéiten an den Alldag vun deemools an haut.
Gläichzäiteg ass Metzeschmelz eng Plaz am Ëmbroch: de Site soll an e komplett neie Quartier ëmgebaut ginn. An do entsteet eng spannend Fro: Wéi passt en Associatiouns‑Projet, deen Industriekultur lieft, an e Raum, deen sech nei erfonnt? Wat fir Verännerunge maachen Hoffnungen – a wou leien d’Suerge?
Eise Gaascht: Carlo Jones
Eise Gaascht Carlo Jones ass Member a Benevole beim Ferro Forum – beschriwwe gëtt hien do als „homme à tout faire, même la trésorerie“. Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu der Lëtzebuerger Stolindustrie an iwwert säin eegene Wee duerch d’Aarbechtswelt.
D’Gespréich beliicht vill Facetten, déi Welt vun de Schmelzen ausgemaach hunn an nach ausmaachen:
- de Wee an d’Aarbecht an op d‘Aarbecht,
- d’Fro, wat een un engem erausfuerderenden an heiansdo geféierlechen industriellen Ëmfeld ugezunn huet,
- Feier, Hëtzt an Iewen: tëscht Faszinatioun, Respekt an Energie – a wat dat fir eng Persoun bedeite kann,
- wéi schwéier (oder wichteg) et ass, Passioun fir esou eng „haart“ Aarbecht un déi Jonk weiderzeginn,
- d’Entwécklung vun der Sécherheet an d’Verännerung vun de Mentalitéite vis‑à‑vis vum Risiko,
- technologesch Entwécklungen, déi den Alldag op der Schmelz verännert hunn,
- an d’Fro, wat een enger neier Generatioun matgi wëll, déi a moderniséiert industriellt Ëmfeld erakënnt.
Eise Quiz:
Wéini gouf d‘Metzeschmelz gegrënnt?
- 1882
- 1872
- 1871*
Wéi vill Leit hunn do fréier geschafft – a wéi vill sollen an Zukunft do schaffen, wann d’Schmelz an en neie Quartier transforméiert ginn ass?
- Fréier: ~2.600 | Zukunft: ~7.000*
- Fréier: ~5.000 | Zukunft: ~5.000
- Fréier: ~1.200 | Zukunft: ~10.000
Wéi vill Prozent vum komplette Minett-Eisenäerzlager leien op Lëtzebuerger Territoire?
- 0,24 %
- 3,40 %*
- 7,28 %
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Schmelz Esch-Schëffleng: féier Schmelz am Süde vu Lëtzebuerg, déi viru knapp 15 Joer definitiv zougemaach ginn ass
- Ferro Forum: Veräin, deen d’Erënnerung un d’Aarbecht op der Schmelz an d’Verschaffe vum Eise waakreg hale wëll
- Arcelor-Mittal: gréisste Stolproduzent vun der Welt, deen och d’Schmelzen zu Lëtzebuerg bedreift
- Emile Mayrisch: Pionnéier vun der Lëtzebuerger Stolindustrie
- Grey-Träger: speziell Form vu Stolträger, déi an der Schmelz zu Déifferdeng gewalzt an an déi ganz Welt exportéiert ginn
- Schmelz vu Micheville: fréiert franséischt Stolwierk direkt hannert franséisch-lëtzebuerger Grenz
- Quartier Metzeschmelz: neie Liewensquartier, deen um Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng entstoe wäert
- Minett-Baseng: gréisst Eisenäerzlager vum Planéit wat no der Uräicherung vun der Atmosphär mat Sauerstoff nach entstanen ass
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |








