🌨️ Streesalzalternativen - Einfach Geste fir d'Natur 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat kennen ze léieren
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Carlo Pallucca X Héichuewen B

Eng Rees an d’Vergaangenheet vum Héichuewen B mam Carlo Pallucca

 

Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz.

An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d’Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d’Joer 1997.

Wéi gewinnt gëtt dësen Episod realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun eise Partner-Organisatiounen: dem Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) an dem MUAR – Musée vun der Aarbecht.

Eis “Minett-Location” vum Mount: Den Héichuewen B

Fir dësen Episod si mir am Restaurant SCHMELZ um Fouss vum Héichuewe B um Belval. Dës Plaz ass historesch: Hei gouf 1997 déi lescht Schicht am nach aktiven Héichuewe gefuer.

Haut gesäit et hei komplett anescht aus. Wou fréier d’Hëtzt vum geschmolten Eisen ze spiere war, kann een haut e Patt drénken oder e Maufel iessen. Laanscht d’Héichiewen, wou schwéier geschafft gouf, flanéieren haut Studenten, ginn et Butteker a wunne Leit. D’Transformatioun vum Belval ass e beandrockend Beispill dofir, wéi industriell Frichë kënne nei genotzt ginn – ouni hir Geschicht ze vergiessen.

Eise Gaascht: Carlo Pallucca

Eisen Invité ass Carlo Pallucca – e Mann, deen d’Geschicht vum Minett net just aus Bicher kennt, mee selwer matgeschriwwen huet.

De Carlo war ee vun deenen Aarbechter, déi op der leschter Schicht vum Héichuewen B an der Schmelz vun der ARBED Belval am Joer 1997 geschafft hunn. Hien ass domat en Zäitzeie vun engem historesche Moment: dem Enn vun enger Ära, déi d’Lëtzebuerger Industrie iwwer Joerzéngte gepräägt huet.

De Carlo deelt mat eis seng ganz perséinlech Erfarungen, Erënnerungen a Gefiller aus dëser Zäit. Am Gespréich mat him gi mir op Froen a wéi:

  • Wéi huet en ‘typesche Schaffdag’ um Héichuewen B ausgesinn?
  • Wat waren déi gréissten Erausfuerderungen am Alldag?
  • Wéi huet d’Aarbecht um Héichuewen d’Mënsche kierperlech a mental beaflosst?
  • Wéi war et unzekucken, datt den Héichuewen C demontéiert gouf – an ze wëssen, datt ee beim Enn vun enger Epoch dobäi ass? 

Eise Quiz:

D’Wéi vun der Eisenindustrie am Minett ass zu Lasauvage. Hei stoung deen éischte Minetter-Héichuewen. A wéi engem Joer ass deen da gebaut ginn?

  1. Ëm 1625 *
  2. Ëm 1751
  3. Ëm 1817

 

Um Belval gouf et dräi grouss Héichiewen: A, B a C. Firwat gëtt den Héichuewen B dacks als ‘dee Mëttleren’ bezeechent?

  1. Well hie geographesch an der Mëtt stoung
  2. Well hie chronologesch an der Mëtt tëscht Héichuewen A an C gebaut gouf
  3. Well hie déi mëttelst Produktiounskapazitéit hat *

 

Wéini gouf den Héichuewen B zu Belval gebaut?

  1. 1964
  2. 1970 *
  3. 1974

 

© Minett UNESCO Biosphere / MUAR – Musée vun der Aarbecht

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Schmelz: Restaurant um Fouss vum alen Héichuewen
  • Uni Lëtzebuerg: D’Universitéit vu Lëtzebuerg, déi um Belval um Site vun der fréierer Schmelz gebaut ginn ass
  • Rockhal: Concertshal um Belval, éischt Gebai wat fir de Public opgaangen ass
  • Vëlodukt: Vëlosbréck déi de Quartier Belval mam Zentrum vun Esch-Uelzecht verbënnt
  • Weltkulturerbe Völklinger Hütte: Fréier Schmelz am Saarland
  • Lycée Emile Metz: Privatschoul an där d’ARBED fréier Jonker ausgebilt huet
  • Héichuewen C: Gréissten Héichuewen, deen zu Lëtzebuerg funktionéiert huet
  • Belval en métamorphose: Buch vum CNCI iwwert d’Geschicht vum Belval

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1