🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash Up: Jesan-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péitenger Gemengenhaus

De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht. Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem Episod geet et awer net just ëm d’Gemeng, mä mir léieren och de „Wandjang“ kennen, deen de Péitenger esou vill bedeit, datt se him en Denkmal gebaut hunn.

Eis “Minett Location” vum Mount: D’Péitenger Gemengenhaus

Dëse Mount hu mir eis am Häerz vun der Gemeng Péiteng mat eise Gäscht getraff. D’Gebei, wat an der zweeter Halschent vun den 1930er gebaut an Uganks den 2000er Jore vergréissert huet, ass déi Plaz op där d’Häaerz vun der Gemeng Péiteng schléit.

Geleeën op der John F. Kennedy Plaz, huet déi aktuell Péitenger Gemeng d‘Nothombsschlass ersat, wat tëscht 1908 a 1935 de Sëtz vun der Gemengenadministratioun war.

Eis Gäscht: Jean-Marie Halsdorf a Guy Brecht

Den aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Schäffe Guy Brecht, deen och Member an Bureau vum Gemengesyndikat PRO-SUD ass, wat jo d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, hunn dëse Mount mat eis geschwat.

De Jean-Marie Halsdorf kann op eng laang an erfollegräich Karriär als Politiker zeréckkucken. Nieft senger Funktioun als Buergermeeschter vun der fënneftgréisster Gemeng vum Land war hien, ënnert anerem Innen- a Landesplanungsminister. Hien deelt mat eis seng Andréck vun der Gemeng Péiteng, hirer dynamescher Entwécklung an d’Bedeitung vun der Industriekultur, déi e Kär vun hirer Identitéit ass.

De Guy Brecht, deen berufflech bei der Eisebunn aktiv war, ass 2023 Schäffe vun der Gemeng Péiteng ginn. Do virdrunner war de Rodanger 23 Joer laang Gemengeconseiller. Mat him hu mer notamment iwwert d’Roll vun de restauréierte Millen um Territoire vu senger Gemeng geschwat.

© Minett UNESCO Biosphere / MUAR – Musée vun der Aarbecht

Eise Quiz

E Landmark an der Gemeng Péiteng ass de Waassertuerm zu Rodange mat sengen 3 grousse Buschtawen P.E.D. fir Pôle Européen de Dévelopement. Wéini ass dee P.E.D. geschaf ginn?

  1. Den 3. August 1975
  2. Den 19. Juli 1985
  3. Den 11. November 1989

 

De PC 12 – d’Piste cyclable de l’Attert – start zu Péiteng a féiert bis op Kolmerbierg. Wéi laang ass dëse Vëlsowee am Ganzen?

  1. 53 km
  2. 65 km
  3. 38 km

 

1974 si schonn déi éischt Orchideeën um Prënzebierg / Giele Botter entdeckt ginn. Wéi eng Zort war dat?

  1. Pyramiden-Hondswuerzel
  2. Bock-Rimmerzong
  3. Zaldote-Bouwekraut

 

Links bei d‘Sujete vun dësem Episod:

  • Gemeng Péiteng – Eng vun de Gemenge vun der Minett Biosphär, déi am Kordall läit
  • Linn 60 (CFL) – Zuchstreck vu Lëtzebuerg iwwer Esch op Rodange. Et ass déi Linn zu Lëtzebuerg mat de meeschte Passagéier.
  • Péitenger Gare – Fréiere Sëtz vun der Comnpagnie des chemins de fer Prince Henri. Haut fiert nieft der CFL och den Train 1900 vun dëser Gare fort
  • Train 1900 – Historesch Eisebunnslinn tëscht Péiteng an dem Fonds-de-Gras
  • Péitenger Wandjang – Numm, deen d’Eisebunner vun den Péitenger Awunner kruten. Haut ass de Wandjang (eng Statue steet virun der Gare) e Symbol fir Péiteng an zemools fir d’Calvalcade
  • Péitenger Kavalkad – groussen Fues-Ëmzuch op Helleffaaschten
  • Eisebunnsmusée – Projet e Musée ronderëm d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Eisebunn zu Péiteng ze réaliséieren
  • Pôle Européen de Développement (P.E.D.)  – Industriezon am Dräilännereck zu Rodange, déi op Lëtzebuergeschen, Belschem a Franséischen Territoire läit
  • WAX Konscht-Millen – Al Käremillen, déi haut als Kulturhaus mat engem integréierte Restaurant funktionnéiert
  • Rollenger Millen – Al Käremillen zu Lamadelaine, déi ënner Denkmalschutz steet an déi zu enger Kulturplaz mat integréiertem Musée ëmgebaut gouf
  • Buffet de la Gare Kautebaach – Restaurant an der Gare vu Kautebaach, deen iwwer 100 Joer laang funktionnéiert huet
  • Naturschutzgebitt „Prënzebierg/Giele Botter“ – Eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, déi deels um Territoire vun der Gemeng Péiteng läit
  • Tëtelbierg – Kopp tëscht Péiteng a Nidderkuer op deen d’Kelten eng vun de wichtegste Siidlungen a pre-réimesch Zäit an der Groussregioun haten
  • Minett Park Fond-de-Gras – Fräiliichtmusée am Zeeche vun der Eisebunn an dem Ofbau vun der Minett
  • Hierschtbierg – Bierg tëscht Péiteng an Athus (B)
  • Fëscherweier Lamadelaine – Weieren zu Rolleng an deene gefëscht gëtt a wou et och e Restaurant gëtt
  • Flechtekatéierung Gemeng Péiteng – Méiglechkeet un Hand vun de Flechten, déi op enger bestëmmter Plaz wuessen, d’Loftqualitéit vun där Plaz ze bestëmmen
  • Piste cyclable de l‘Attert – Vëloswee, deen iwwert déi al Zuchstreck vu Péiteng iwwer Habscht op Kolmarbierg geet
  • Orchideeën zu Lëtzebuerg – Komplette Guide iwwert all d‘Orchideeën, déi hei zu Lëtzebuerg virkommen

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1