ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Impressioune vum Dag an der Natur 2025

Hei fannt Dir e klenge Réckbléck op den Dag an der Natur, deen den 18. Mee am Ellergronn war.

Bei beschtem Wieder huet de Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn nees déi perfekt Kuliss fir e flotte Familljendag geliwwert. Op knapp 50 Stänn goufen Atelieren fir Kanner, Informatiounen a Virféierunge fir Grouss a Kleng, lokal Produiten a leckert Iesse proposéiert.

Um Stand vun der Minett Biosphere konnt een net just léieren, wéi vill CO₂ Beem am Laf vum hirem Liewe späichere kënnen, mä mir hunn och eng speziell Editioun vun eisem beléifte Workshop “De Bësch schmaachen” proposéiert bei deem d’Visiteure vum Dag an der Natur mat Planzen, déi een an de Lëtzebuerger Bëscher fënnt, gutt a gesond Plate kache kann.

Mir freeën eis elo schonn op d’Editioun 2026.