2️⃣0️⃣2️⃣5️⃣ an der Minett Biosphere ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken
arrow
quote quote

E Forum tëscht Experten a Bierger fir d’Zukunft vun der liichter Mobilitéit zu Lëtzebuerg

 

Kommt de 17. Dezember 2025 op en aussergewéinlechen Dag ronderëm nohalteg Mobilitéit zu Lëtzebuerg. Vun 10 bis 21 Auer ass an de Gäert Matgesfeld an am Sall “A Gadder” (10 rue de France, Belvaux) e Forum vun Experten a Bierger mam Fokus op en innovative Projet: d’Schafe vun engem interkommunalen Zentrum fir “Véhicules Légers Intermédiaires” (VLI). Dësen Zenter soll d’Produktioun, d’Reparatur, d’Formatioun, de sozial Leasing an d’Biergerfuerschung zu dësen ëmweltfrëndlechen Transportléisungen zesummebréngen.

Zil vum Evenement: Zesummen, mat Bierger, Experten an aktiven Acteuren aus der Gemeng, konkret Propose fir dësen Zentrum ausschaffen – an engem Geescht vu kollektiver Intelligenz. Den Entrée ass fräi a mat enger DIY-Pizza-Aktioun gëtt et och fir de kulinaresche Genoss gesuergt.

Programm:

  • 10–17 Auer: Testfaarte mat engem Karbike (just op Umeldung) an de Gäert Matgesfeld (2 Matgeswee, Bieles). Probéiert d’Gefierer selwer aus!
  • 17:30–21 Auer: Forum “A Gadder” mat engem Begréissungswuert vum Mike Lorang (Schäffe vun der Gemeng Suessem), engem Teaser vum Dokumentarfilm „Strasbourg → Luxemburg mam Karbike“ mat Erfarungsberichter, eng Table ronde mat Bierger an Experten, engem partizipativen Atelier, oppene Gespréicher an enger häerzlecher Ambiance.

 

Accès:

  • Zuch: Gare CFL Belval-Réiden
  • Bus: TICE Linnen 3 & 15 / RGTR Linn 642 – “Schoul Bieles Post”
  • Auto: Parking vum Kierfecht Bieles

 

D’Evenement gëtt zesumme vun der Gemeng Suessem, Youth4Planet, Haus vum Vëlo an Äerdschëff asbl organiséiert. Profitéiert vun der Geleeënheet a maacht mat, fir déi liicht Mobilitéit zu Lëtzebuerg nohalteg mat ze gestalten. Deelt är Iddien, experimentéiert a diskutéiert mat, fir konkret an ëmweltfrëndlech Léisungen ze fannen!