Stadraim visionär transforméieren a groussherzoglech Unerkennung
Am Juli 2025 huet de “Cool Neighbourhoods”-Projet, e Bestanddeel vum Interreg North-West Europe (NWE)-Programm, d’13 Partner aus ganz Nordwesteuropa fir eng Reunioun zu Lëtzebuerg zesummebruecht. Dëse Meeting, deen zwee dynamesch Deeg gedauert huet, war eng Mëschung aus Léieren, Reflexioun a Planung, viru der inspiréierender Kuliss vu lokaler Staderneierung. Vum Kierchbierg iwwer Esch-Uelzecht, Déifferdeng an Ettelbréck huet d’Evenement dat gemeinsaamt Engagement ënnerstrach, klimaresilient a liewenswäert urban Raim ze schafen.
Start vum Meeting a Visitt vum Pilotprojet zu Déifferdeng
D’Treffen huet den 1. Juli mat engem labberen Owesiessen am Restaurant Beet an der Stad ugefaangen. Den nächsten Dag hunn d’Partner am PRO-SUD-Büro zu Esch-Uelzecht konstruktiv mmatenee geschafft. Wichteg Sessioune waren e Workshop iwwer en Trainingsprogramm ënner der Leedung vun der Claire Koreman vun der Provënz Antwerpen, deen d’Méiglechkeete vum E-Learning fir urban Klima-Strategien erfuerscht huet, an en detailléierte Bléck op d’Aktiounspläng géint Hëtztstress an de Quartieren (NHSAPs) vun Except aus Middelburg, wou Updates a Erkenntnisser aus de Pilotprojete presentéiert goufen. Den Dag gouf mat der Visitt vum Site vum Déifferdenger Pilotprojet ofgeschloss. Hei entsteet eng gréng Mauer am Schoulhaff vun der aler Bouweschoul an d’Participante konnten iwwerdeems den innovativen “City Trees”-Projet am Creative Hub 1535° gesinn – e Beweis fir déi gréng Transitioun vun enger historesch Industriestad.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD
Ettelbréck: E Parking gëtt zur Gréngfläch
Den 3. Juli huet war d’Suite vun der Reunioun zu Ettelbréck, mat Sessiounen iwwer Projectmanagement, Biergerwëssenschaft an de Cool Neighbourhoods Liveability Index – en Outil fir gréng Transformatiounen an d’Wuelbefanne vun de Bierger ze suivéieren – geleet vun Experte vun der Universitéit Antwerpen. Nomëttes stoung nach d’Visitt vum Ettelbrécker Pilotprojet um Programm, déi dat konkret Resultat vun der Ëmwandlung vu versigelte Fläche gewisen huet. Den Dag huet mat engem gesellegen Iessen am Restaurant Kaell opgehalen, wat den Austosch tëscht de Partner gefërdert huet.
Déi vill Haaptpunkte vum Meeting waren handlungsorientéiert. D’Partner hunn d’NHSAPen entdeckt, d’Resultater vu Pilotprojete gesinn a Feedback zu enger E-Learning-Plattform ginn, déi entworf gouf, fir Stied mat Instrumenter fir d’Klimaupassung auszestatten. Peer-to-Peer-Austausch iwwer d’Bedeelegung vun de Stakeholderen an d’Weeër fir den Impakt vun de Mesuren ze moossen hunn de Dialog beräichert, iwwerdeems d’Visitten zu Déifferdeng an Ettelbréck konkret Beispiller vun urbane Raim gewisen hunn, déi zu multifunktionalen, klimaresilienten Gebidder entwéckelt ginn. Dës Visitten hu gewisen, wéi naturbaséiert Léisungen Hëtztstress bekämpfen, d’Biodiversitéit stäerken an d’Wuelbefanne vun der Noperschaft verbessere kënnen.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD & Ville d’Ettelbruck
Groussherzoglech Unerkennung
E wierklech onvergiessleche Moment war de 4. Juli wärend engem optionale Besuch op der Foire Agricole zu Ettelbréck, wou dem “Cool Neighbourhoods”-Projet eng aussergewéinlech Éier zu Deel gouf – e kuerzen Austausch mam Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg, begleet vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin. Empfaange vum Buergermeeschter Bob Steichen an dem Sacha Oberweis, deen den Ettelbrécker Pilot coordinéiert huet, huet déi groussherzoglech Famill de Site vum Pilotprojet zu Ettelbréck besicht, deen eemol e grousse Parking war an deen elo an e grénge, multifunktionale Raum ëmgewandelt ginn ass. De Projet ass eng perfekt Illustratioun vun den Ziler vum Cool Neighbourhoods-Projet: Fërderung vun nohalteger urbaner Entwécklung a Biergerbedeelegung.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD & Ville d’Ettelbruck
Déi grossherzoglech Ënnerstëtzung huet déi national Bedeitung vu lokale Klimaaktiounen ënnerstrach. Si huet ervirgehuewen, wéi Stied, onofhängeg vun hirer Gréisst, duerch d’Schafe vu méi kille, méi gréngen a méi inklusive Quartieren e bedeitenden Wandel féiere kënnen. D’Visitt vun der groussherzoglech Famill war eng staark Unerkennung vun de Beméiungen op allen néng Partner, déi Pilotprojeten am Kader vum “Cool Neighbourhoods”-Projet realiséieren, a bestätegt, datt d’Stadtransformatioun net nëmmen eng lokal Aufgab, mee regional an national Prioritéite sinn.
D’Team vun de Cool Neighbourhoods seet der groussherzoglecher Famill vu ganzem Häerze Merci fir hiren éierlechen Interêt un der Klima-Resilienz. Dës Renconter war e Katalysator fir eis transnational Aktioun, dee beweist, datt kollaborativ Innovatioun urban Erausfuerderungen a Chancë fir eng nohalteg Zukunft verwandele kann.
Details and the complete newsfeed of the Cool Neighbourhoods Project are available on the offical web site: www.coolneighbourhoods.nweurope.eu









